Referendum: Gast Gibéryen begréisst de Courage vum Wieler

An der Chamber ass de 9. Juni iwwer de Referendum diskutéiert ginn. Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen huet de Courage vum Lëtzebuerger Wieler begréisst.
Hien huet och gesot, datt d’Themae vum Referendum elo musse vum Dësch sinn. Et wär un der Zäit an d’Integratioun ze investéieren a gratis Couren am ganze Land unzebidden. Natierlech huet den ADR-Riedner och d’Regierung an d’Majoritéit kritiséiert, och wann dat dem Alex Bodry guer net gefall huet. Wéi schonn an der Campagne huet dëse weider probéiert, de Nee net zu Wuert kommen ze loossen, bis e vum Chamberspresident de Mond verbuede kritt huet.
E weideren Héichpunkt vum Gast Gibéryen senger Ried: Hien huet erklärt, datt de Nee kee Vote géint den Auslänner war mä fir eng gutt Integratioun.

Deel dëse Post: