Reese gëtt elo richteg deier!

D’Santé huet d’Dokteren am Land ugehalen, keng PCR-Tester méi ze verschreiwe fir Leit, déi reese wëllen. Fir e Stot mat 5 Persoune mécht dat e PCR-Test-Opschlag vu wéinstens 300 Euro am Labo oder awer 595 Euro bezéiungsweis 845 Euro um Flughafen. D’Käschte fir e valabelen Test fir zréckzereesen, sinn do nach net dobäigerechent. Vill Leit kënne sech esou en Oppräis net leeschten.

De Jeff Engelen hannerfreet der Santé hir Decisioun opgrond vun de méigleche soziale Konsequenzen.

 

Deel dëse Post: