Reell Konsequenze vun engem russeschen Energieembargo?

Am Kader vum Ukrainkrich gëtt ëmmer méi dacks e Boykott vu russeschem Äerdgas- a Pëtrol diskutéiert. Mee wat géif esou en Importstopp tatsächlech fir eis Bierger, fir eis Betriber an allgemeng fir eis Mobilitéit bedeiten? De 6. Abrëll hat den Energieminister op RTL matgedeelt, datt een d’Betriber da wärend e puer Joer iwwert de Wanter misst zoumaachen. Eng Feststellung, déi net ze vernoléissegen ass. Den ADR-Deputéierte Fred Keup huet doropshi beim Minister intervenéiert, fir méi Detailer gewuer ze ginn.

Deel dëse Post: