De Fonds National de Solidarité (FNS) mécht reegelméisseg vun der Méiglechkeet Gebrauch, fir am Zesummenhang mat Ierfschaften a sougenannten „revenus à meilleure fortune“ Réckfuerderungen ze erhiewen. Dozou huet den Dan Hardy e puer Froen un de Familljeminister.
Fro:
De Fonds National de Solidarité (FNS) mécht reegelméisseg vun der Méiglechkeet Gebrauch, fir am Zesummenhang mat Ierfschaften a sougenannten „revenus à meilleure fortune“ Réckfuerderungen ze erhiewen. Dat betrëfft souwuel d’Ierwe selwer wéi och Persounen, deenen hir wirtschaftlech Situatioun sech weesentlech verbessert huet an déi an der Vergaangenheet vun de Leeschtunge vum FNS profitéiert hunn. An deem Kontext ginn déi Betraffe schrëftlech opgefuerdert, fir d‘Sue vun de Leeschtungen zeréckzebezuelen. Si ginn och vum FNS viru geriichtleche Schrëtt gewarnt am Fall wou se déi gefuerdert Suen net géifen zeréckbezuelen.
An deem Zesummenhang hunn ech follgend Froen un d’Regierung:
- Wéi vill Réckfuerderungsprozedure vum FNS sinn an deene leschte fënnef Joer geriichtlech traitéiert ginn?
- Wéi vill vun dëse Prozeduren hunn d’Ierwe vu fréiere Leeschtungsbezéier betraff?
- Wéi vill Réckfuerderunge gouf et op Grond vu sougenannten „revenus à meilleure fortune“?
- A wéi ville Fäll koum et zu engem geriichtlechen Urteel bzw. zu enger „Ordonnance de paiement“ oder „Zwangsvollstreckung“?
- A wéi ville Fäll ass et zu aussergeriichtlechen Eenegunge komm?
Äntwert:
1.
An de Joren 2021 bis 2025 ass den Conseil arbitral de la sécurité sociale (CASS) an 43 Dossieren saiséiert ginn, well déi betraffe Persounen d’Réckfuederunge vum FNS a Fro gestallt hun.
2.
Vun de genannten Dossieren goufen der 9 am Kader vun enger Ierfschaft opgemaach.
3.
Vun de genannten Dossieren goufen der 34 am Kader vun „revenus à meilleure fortune“ opgemaach.
4. a 5.
An den Joëren 2021 bis 2025 goufen 30 Uertdeeler vum CASS verfaasst. Den FNS feiert keng separat Statistik iwwert dei Dossieren bei deenen et muss zu engem „Recouvrement forcé“ kommen. Bei 2 Dossieren koum et zu engem aussergeriichtlechen Accord iwwer d’Réckfuerderungen vum FNS an dësem Kader. Déi 11 aner Dossieren sinn aktuell nach en Cours.