An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3843 vum Dan Hardy iwwer Réckfuerderunge vum FNS a geriichtlech Suitte schreift d’Regierung, datt et keng separat Statistik gëtt iwwer Dossieren, bei deenen et zu engem Recouvrement forcé komme muss. Den Dan Hardy wëll méi Detailer dozou wëssen.
Fro:
A senger Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°3843 iwwer Réckfuerderunge vum FNS a geriichtlech Suitte schreift den Här Minister: “An den Joëren 2021 bis 2025 goufen 30 Uertdeeler vum CASS verfaasst. Den FNS feiert keng separat Statistik iwwert dei Dossieren bei deenen et muss zu engem Recouvrement forcé kommen.“
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:
- Firwat ginn et dozou keng Statistiken?
- Ass den Här Minister der Meenung, dass esou Statistike sollten agefouert ginn? Wann nee, firwat net?
Äntwert:
Déi concernéiert Dossiere lafe beim „Service Recouvrement“ vum FNS an. Falls net fräiwëlleg bezuelt gët, gi si behandelt ewéi all aner Scholden déi den FNS iwwer en „Recouvrement forcé“ andreiwe muss. Donieft ass ze soen, dass ewéi an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3843 erkläert, d’Unzuel un Dossieren déi op d’Geriicht ginn relativ niddreg ass, mat 30 Uertdeeler tëscht 2021 an 2025. An der Praxis ass et éischter seelen, dass et no engem Geriichtsuertdeel zu engem „Recouvrement forcé“ muss kommen. Aus deem Grond gët et dowéinst kee Virdeel dës vereenzelt Dossieren nach weider separat ze erfaassen.