Rechtlech Hürde fir Scheedungskanner

Leider si nach ëmmer vill Kanner d’Affer vun enger ganzer Rëtsch Ongereimtheeten am Lëtzebuerger Rechtswiesen. D’Kanner leiden, well d’Elteren sech net eens ginn a well d’Gesetzer onkloer sinn, wann et drëm geet, ze soen, wie vun den Eltere wat fir Rechter huet oder net. De Fernand Kartheiser huet an enger Fro un d’Ministere fir institutionell Reformen, fir Justiz an Aussepolitik probéiert, déi ganz Problematik ze ëmräissen. Am schwéiersten am Dossier dierfte gesetzlech Bestëmmunge sinn, déi scho verfassungswiddereg erklärt goufen, awer deelweis ëmmer nach applizéiert ginn. Och d’Fro vun de Reesdokumenter vun de Kanner, déi een Elterendeel vun dem aner  virenthale kritt, fir datt e net ka mam Kand an d’Vakanz fueren, gëtt an der Fro behandelt.

Deel dëse Post: