Rechter a Flichte vu laangfristeg erkrankte Premièresschüler

De Premièresexamen entscheet iwwer d’Zukunft vun eise Jugendlechen. Wéi eng Rechten a Flichten huet awer e Schüler, deen op Première laangfristeg ausfält? D’Alexandra Schoos freet de Schoulminister.

Fro:

2021, wärend der Pandemie, hat de Schoulministère de Premièreskandidaten, déi wéinst enger Corona-Infektioun oder wéinst enger anerer Krankheet hiren Examen net maache konnten, d’Méiglechkeet gin, fir dëse vum 3. Juni u bannent siwen Deeg nozehuelen, allerdéngs mat engem jeeweilegen Ofstand vun op d’mannst zéng Deeg géintiwwer dem ursprünglechen Termin. Dës Ausnamereegelung huet net just fir covidpositiv Primaner gegollt, mee och fir déi, déi eng aner Krankheet haten (cf. Artikel „Premièresexamen / Abiturienten mit Covid können Examen nun doch ab 3. Juni nachschreiben“ am Tageblatt vum 17.5.2021).

De Schoulministère hat d’Lycéesdirekteren an engem Bréif iwwer dës Ausnamereegeleng informéiert a wollt domat den Dilemma léisen, virun deem vill Primaner deemools stoungen: Vill Schüler, sou ass unzehuelen, wollte sech dat Joer net op Covid-19 teste bzw. teste loossen aus Angscht, dowéinst hire Premièresexamen net kënne matzeschreiwen an doduerch e Joer ze „verspillen“. Anerersäits haten déiselwecht Schüler Angscht, wärend dem Examen aner Schüler unzestiechen.

Mat der mentionéierter Ausnamereegelung wollt de Ministère, och op Drock vun der nationaler Elterevertriedung, net nëmmen deen Dilemma léisen, mee och eng Alternativ zum „Nosëtzen“ am September bidden, dat et ville Premièreskandidaten net erlaabt hätt, sech fristgerecht op hirer gewënschter Uni anzeschreiwen.

Dës Episod aus dem Pandemie-Joer 2021 werft eng Rei Froen op, och well d’Reegelung, vun där rieds ass, „nicht nur für Abiturienten, die aufgrund einer Coronainfektion fehlen“ (cf. Tageblatt-Artikel), gegollt huet.

Dofir géif ech dem Här Minister gär follgend Froe stellen:

  • Kann den Här Minister preziséieren, opgestaffelt no Erkrankung, wéi vill Schüler 2021 hire Premièresexamen krankheetsbedéngt nogeholl hunn?
  • Et goung 2021 ëm eng Ausnamereegelung. Kann den Här Minister preziséieren, ob dru geduecht gëtt, fir dës Ausnamereegelung grondsätzlech anzeféieren an esou ze verhënneren, datt vill Premièresschüler, déi wärend dem Joer laangfristeg ausfalen, e Joer verléieren? Wann net, wéi eng Grënn schwätze géint esou eng Reegelung?
  • Kann den Här Minister erklären, wéi eng Rechter a Flichten e Premièresschüler grondsätzlech huet, deen opgrond vun enger Erkrankung oder soss enger schwéirer Belaaschtung (sief et kierperlecher oder psychescher Natur) säi Premièresexamen net maache kann? Huet hien d’Méiglechkeet, säin Examen zäitno nozehuelen, sou datt hie sech nach fristgerecht op der Uni umelle kann? Wann net, firwat gëtt him dat Recht verweigert?
  • Gëtt et eng Zuel vun Deeg, déi e Premièresschüler wärend dem Schouljoer krankheetsbedéngt feelen däerf, ouni vum Examen ausgeschloss ze ginn, dat heescht ouni säi Joer missen nozehuelen?
  • Kann den Här Minister preziséieren, wéi vill Schüler an de leschte 5 Joer hiert Ofschlossjoer hu missen nohuelen, well si krankheetsbedéngt net um Premièresexamen deelhuele konnten? Wéi vill vun dëse Schüler waren u Kriibs erkrankt?
  • Am “Règlement grand-ducal du 14 juillet 2005 déterminant l’évaluation et la promotion des élèves de l’enseignement secondaire technique et de l’enseignement secondaire” heescht et am Art. 9.: «Pour motifs graves tels qu’une absence prolongée pour cause de maladie ou une situation familiale éprouvante, le conseil de classe peut autoriser un redoublement exceptionnel.» Kann den Här Minister mat Bezuch op dës Reegelung preziséieren, ob e Schüler, deen opgrond vun enger schwéirer kierperlecher oder séilescher Belaaschtung säi Premièresexamen zwar fristgerecht maache konnt, mee duerch déi Belaaschtung eng schlecht Nott krut an dofir säi Joer widderhuele wëll, d’Méiglechkeet huet, säi Joer ze widderhuelen? Wa jo, kann den Här Minister soen, wéi vill Schüler an de leschten zéng Joer hire Wonsch geäussert hunn, hiert Joer kënnen ze widderhuele mam Zil, eng besser Nott ze kréien? Wéi oft gouf hinnen dee Wonsch accordéiert?

Äntwert:

Ad 1)
Am Summer 2021 si vun 208 Schüler, déi sech dem Premièresexame gestallt hunn, 340 Absencë fir eenzel Epreuvë relevéiert ginn.
Déi honorabel Deputéiert freet, d’Grënn vun den Absencen “opgestaffelt no Erkrankung” matgedeelt ze kréien. Opgrond vun de Reegelen iwwert de Schutz vun de perséinlechen Donnéeë ginn dës Informatiounen de Schoulen net matgedeelt an dierfen och net erfaasst ginn.
Ad 2)
Déi ugeschwaten Ausnamereegelung huet sech op d’Absencë wärend den Examensdeeg applizéiert an net op Absencen, déi d’Examenskandidate wärend dem Schouljoer opgewisen hunn.
Zanter dem Summer 2023 gesäit den Examenskalenner nees een eenzegen Dag vir, fir datt Schüler, déi wärend engem Examensdag gefeelt hunn, d’Exame vun deem Dag noschreiwe kënnen. Grondsätzlech ass et esou, datt wann d’Absencen sech iwwer méi Examensdeeg zéien, déi feelend Examensepreuven an der Sessioun vum Hierscht nogeschriwwe ginn.
Schüler, déi iwwer länger Zäit wärend dem Schouljoer feelen an d’Admissibilitéitskrittären net erfëllen, hunn d’Méiglechkeet, eng schrëftlech a motivéiert Demande un de Minister ze riichten, fir awer nach zum Examen zougelooss ze ginn.
Ad 3)
All Schüler, deen zum Premièresexamen zougelooss ass, an deen sech dem Premièresexamen an der Summersessioun opgrond vun enger Erkrankung, déi duerch ee Certificat médical beluecht ass, net stelle kann, huet d’Flicht, sech bei der Direktioun vu senger Schoul ofzemellen. De Grond vun der Absence gëtt vum responsabele Commissaire du Gouvernement evaluéiert, an de Schüler huet am Prinzip d’Recht, sech der Examenssessioun vum Hierscht ze stellen an sech op enger Universitéit unzemellen.
Ad 4)
Déi jeeweileg Artikele 4 souwuel vum Règlement grand-ducal modifié du 31 juillet 2006 portant organisation de l’examen de fin d’études secondaires classiques wéi och vum Règlement grand-ducal modifié du 31 juillet 2006 portant organisation de l’examen de fin d’études secondaires générales reegelen d’Admissibilitéit zum Premièresexamen a verlaange vum Kandidat eng reegelméisseg Presenz am Unterrecht; donieft gëtt vum Kandidat verlaangt, datt hien an alle Fächer composéiert huet an déi entspriechend Notte kann opweisen.
Ad 5)
D’Grënn, wéisou Schüler sech dem Premièresexamen net stellen, sinn ënnerschiddlecher Natur a gi statistesch net erfaasst. Aus der Unzuel vun de Redoublementer léisst sech deemno net erschléissen, wéi vill vun dëse Redoublementer op Erkrankungen zeréckzeféiere sinn. Déi honorabel Deputéiert freet och, wéi vill Schüler u Kriibs erkrankt waren. Ech verweisen do nach eng Kéier op déi uewe scho genannte Reegelen iwwert de Schutz vun de perséinlechen Donnéeën.
Ad 6)
Fir d’éischt sief preziséiert, datt e Schüler d’Recht huet, sech dräi Mol op enger Premièresklass anzeschreiwen. Dem Exame selwer kann de Schüler sech méi dacks stellen, esou wéi et aus de jeeweilegen Artikele 4 vun den uewe genannten Examensreglementer ervirgeet. E Schüler, deen no engem gepackten Exame seng Notte verbessere wëll, huet deemno d’Recht, eng Demande ze maachen, fir sech eng weider Kéier dem Examen ze stellen.
Iwwer déi lescht 10 Joer hunn am Ganzen 62 Schüler sech nach eng Kéier fir d’Première ageschriwwen, nodeems si schonn den Ofschlossexame gepackt haten. Am Enseignement secondaire classique (ESC) sinn et 39 Schüler, déi dëse Wee gewielt hunn, géigeniwwer 23 am Enseignement secondaire général (ESG).

Deel dëse Post: