Realismus a keng Gambia-Widderspréch beim Klima!

De Fernand Kartheiser huet bei der Klimadebatt am Kader vun enger Aktualitéitsstonn an der Chamber d’Lëtzebuerger Klimapolitik a Fro gestallt. Hei seng Conclusioun am Video (Video, 0′ 21”).

D’ADR gesäit d’Noutwennegkeet vu Klimamoossnamen. Mir wëllen awer eng realistesch Approch. Mir wëllen genee Zuelen a keng wackeleg Statistiken. De Lëtzebuerger Co2-Ausstouss ass eng Drëps am Mier, duerfir soll och eis Politik Mooss halen. De Budget, d’Betriber a virun allem de Bierger däerfen duerch eis Klimapolitik net iwwerméisseg belaascht ginn. Och d’Bauere musse kënne schaffen, ouni ënner Klimaoplagen ze erstécken.

De Fernand Kartheiser erkläert och a kuerze Wierder, wat net realistesch ass. Zum Beispill ass et net méiglech, esou wéi Lëtzebuerg vertraglech versprach huet, den Co2-Ausstouss ëm bal d’Hallschent ze reduzéieren a gläichzäiteg

  • d’Bevëlkerung vum Land ze verduebelen,
  • e riesege Logistik-Zenter zu Beetebuerg aus dem Buedem ze dreiwen,
  • e Stroumfrësser vu Google-Datazenter an d’Land ze huelen,
  • de Loftverkéier net an dës Berechnungen eranzehuelen.

Déi Rechnung geet grad esou wéineg op, wéi d’Meenung, datt alternativ Energien d’Kar aus dem Dréck géingen zéien. De Potenzial vun den erneierbaren Energien ass duerfir ze kleng, erkläert de Fernand Kartheiser. D’Resultat vun der iwwerdriwwener Klimapolitik wär eendeiteg: Weltwäit wäre méi a méi Länner forcéiert Atomzentralen ze bauen fir den Energiebedarf trotz Klimaziler ze decken. An d’Kuelenenergie hëlt zou grad wéi awer och d’Emissiounen vun Co2 weider zouhuelen … D’Madame Ëmweltminister weess do och keng Äntwert, wat erneierbar Energien ugeet – méi Effizienz géing hëllefen, jo, mee wou déi hirhuelen? (Video, 1’44”)

 

Deel dëse Post: