Räicht Lëtzebuerg?

A senger Interventioun vum 6. Februar geet den ADR-Fraktiounschef op de sougenannte PIB vum bien-être an. Hei gëtt net just den ekonomesche Wuelstand vum Land gekuckt, mee och d’Liewensqualitéit vun de Bierger. De Gast Gibéryen äussert an deem Kontext e puer onkamoud Wourechten: Eis Wirtschaft boomt! Déi Räich gi méi räich, déi Aarm gi méi aarm! 110.000 Leit kënnen sech zu Lëtzebuerg kee Liewen an Dignitéit méi leeschten. Et ass keng Ausnam méi, datt vill Kanner net méi kënnen um soziale Liewen deelhuelen. Et ass keng Ausnam méi, datt eeler Leit hire klenge Besëtz, fir dee si hiert ganz Liewe geschafft hunn, am Alter ewechgeholl kréien. Räicht Lëtzebuerg?

Deel dëse Post: