Radarkontrolle musse bestëmmte Konditiounen erfëllen!

En Donneschdeg, den 8. Februar, gouf an der Chamber e Gesetz gestëmmt, dat de legale Kader vum System a vun der automatiséierter Sanktioun bei Radarkontrollen adaptéiert. D’ADR huet den Akkord zu dësem Gesetz ginn, well et sech dobäi ëm eng administrativ Vereinfachung an eng Entlaaschtung vun de geriichtlechen Instanzen handelt. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet allerdéngs nach emol drop higewisen, datt d’Radaren do sinn, fir de Verkéier ze berouegen an net fir dem Staat eng zousätzlech Akommesquell ze bréngen. Dofir misst d’Opstelle vu Radaren an d‘Sanktiounen ëmmer u Konditioune gebonne sinn, déi der Zilsetzung vun de Radarkontrolle gerecht gëtt. 

 

Deel dëse Post: