[QUESTION PARLEMENTAIRE] Santé au travail à la décharge SIDEC à Friddhaff

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Aarbechtsminister an un den Här Gesondheetsminister weiderzeleeden.

Et ass gewosst, datt d’Aarbechtsbedingungen op der mechanesch-biologescher Offallvirbehandlungsanlag (MBA) op der SIDEC um Friddhaff net ideal sinn. Well d’Offallwaasser an engem biologeschen Zyklus verdämpt gëtt, entstinn jo hei staark ammoniakhalteg Gasen. Dës Gasen hunn jo ee staarken Afloss op d’Ëmwelt an op déi beschäftegt Leit bei der SIDEC. Do derbäi wieren d’Aarbechter regelméisseg mat Brennesselféiwer geploot.   

An dësem Kontext wéilt ech dem Här Aarbechtsminister an dem Här Gesondheetsminister dës Froe stellen.

  1. Sinn d’Arbechter op der SIDEC an op der MBA-Anlag mat infektiösen, allergenen oder anere Krankheete geplot?
  2. Wéi héich ass de Prozentsaz un Aarbechtsausfäll op der MBA-Anlag an um SIDEC selwer?
  3. Gëtt de pH-Wäert regelméisseg um Ausgang vum Biofilter vun der MBA-Anlag gemoss?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Deel dëse Post: