[QUESTION PARLEMENTAIRE] Premium SMS Service

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Kommunikatiounsminister weiderzeleeden.

Wéi an anere Länner och bidden zu Lëtzebuerg eng Rei vu Provider sougenannte Premium SMS an MMS Servicer un. Et handelt sech dobäi ëm SMSen an MMSen, déi wäit iwwert de gewéinleche Präis erausginn an duerch déi de Client fir Déngschtleeschtunge wéi Spiller oder Sonnerië fir den Handy bezilt. Zënter Jore stinn dës Servicer aus ënnerschiddleche Grënn an der Kritik. Duerch d’Verschécke vun enger SMS schléisst de Client, ouni et sech vläicht bewosst ze sinn, en Abonnement, deen deier kascht an deen och nach nëmmen duerch eng relativ komplizéiert Prozedur ka gekënnegt ginn.

Dozou kënnt nach, datt dës Servicer dacks an engem dubiéise Kontext gebraucht ginn. De Consommateur, deen op enger Internetsäit z.B. e Film erofgelueden huet, gëtt gebieden esou eng Premium SMS verschécken, fir Accès zu engem Passwuert ze kréien. Dacks stellt sech awer eraus, datt et sech bei der Datei ëm e Virus handelt an datt de Client Suen ausginn huet, ouni datt e wierklech drop opmierksam gemeet ginn ass. 

Dëst ass ëmsou méi besuergniserreegend, datt bei deene Servicer virun allem déi jonk Clienten als Zilgrupp ugesprach ginn.

D’Telekommunikatiounsgesellschafte spillen eng wichteg Roll, well se fir d’Fakturéierung vun deene Servicer zoustänneg sinn.

Dowéinst wéilt ech dem Här Kommunikatiounsminister dës Froe stellen: 

  1. Wéi sinn zu Lëtzebuerg déi Premium SMS an MMS Servicer gereegelt?
  2. Sinn d’Provider verflicht, de Client ganz bewosst drop opmierksam ze maachen, datt et sech beim Service ëm en Abonnementer handelt? Wann neen, firwat? Wa jo, halen sech d’Provider un där Verflichtung?
  3. Wat d’Resiliatiounen ugeet, sinn d’Provider verflicht, dem Client eng Prozedur unzebidden, déi net nëmme liicht ze fannen, mä och ze verstoen ass? Wann neen, firwat? Wa jo, halen sech d’Provider un där Verflichtung?
  4. Gëtt et e maximale Montant, dee gesetzlech virgeschriwwen ass an deen e Provider däerf fir esou e Service froen?
  5. Wéi ass d’Positioun vum Här Minister zu enger standardiséierter Präislimitatioun fir Premium SMSen an MMS?
  6. Wat ass virgesinn, fir Fäll vu Mëssbrauch ze verhënneren?
  7. Ginn et konkret Zuelen oder Estimatiounen zu de Recetten, déi op dës Servicer zréckzeféiere sinn?
  8. Ass de Prozentsaz vun de Recetten, deen direkt un de Provider geet, gesetzlech virgeschriwwen?
  9. Wien iwwerwaacht, datt de Contenu, deen iwwert Premium SMSen an MMSe receptionnéiert gëtt, net géint d’Gesetz verstéisst (z.B. Pornographie)?
  10. Ass den Här Minister net der Meenung, datt grad déi jonk Leit misste besser geschützt ginn, andeems z.B. d’Telekommunikatiounsgesellschaften dozou verflicht ginn, de Mannerjäregen nëmmen nach Abonnementer unzebidden, mat deenen se net kënne Premium SMSen an MMSe verschécken? 

 

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Deel dëse Post: