[BEÄNTWERT] Douleurs chroniques

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Gesondheetsminister weiderzeleeden.

Patienten, déi mat enger chronescher Péng geplot sinn, hunn et zu Lëtzebuerg besonnesch schwiereg fir adequat gehollef ze kréien. Bei der CNS ass keen Tarif fir esou Behandlunge virgesinn. Dëst bréngt mat sech, datt déi meescht Dokteren, déi an dësem Beräich täteg sinn, dëst op fräiwëlleger Basis maachen. Déi betraffe Patiente mussen dacks eng Rei Méint waarden, bis se iwwerhaapt e Rendez-vous kréien.

Déi aktuell Situatioun huet dozou geféiert, datt déi sougenannten „clinique de la douleur“ an der Zitha géint Enn des Joers zoumécht. D’Patienten hunn dann am Beräich vun der Schmerztherapie nëmmen nach d’Wiel tëscht dem CHL an dem CHDN.

An deem Kontext wéilt ech dem Här Minister dës Froe stellen:

1. Aus wéi enge Grënn ginn d’Schmerztherapien net vun der CNS unerkannt an ënnerstëtzt? 

2. Ass den Här Minister der Meenung, datt déi aktuell Situatioun fir d’Patienten, déi mat enger chronescher Péng geplot sinn, zefriddestellend ass? 

3. Ass den Här Minister net der Meenung, datt d’Schmerztherapië misste vun der CNS unerkannt ginn?

4. Wéi laang muss e Patient waarde fir e Rendez-vous am Beräich Schmerztherapie ze kréien? Sinn dës Waardezäiten akzeptabel? 

5. Wat gedenkt den Här Minister z‘ënnerhuelen, fir d’Zoumaache vun der „clinique de la douleur“ an der Zitha ze verhënneren?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse écrite de Monsieur Mars Di Bartolomeo, Ministre de la Santé

Deel dëse Post: