[BEÄNTWERT] Accord FACTA

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister weiderzeleeden.

Deslescht ass ëmmer nees iwwer den Accord FATCA (Foreign account tax compliance Act) mat den USA diskutéiert ginn, well deen jo och als eng Uersaach fir d’Noutwennegkeet fir den automateschen Informatiounsaustausch mat den aneren EU-Memberlänner genannt gouf.

An den USA selwer ass awer den Niveau un Transparenz wäit manner héich wéi an Europa. Den Ofschloss vun esou engem Ofkommes wierft also och d’Fro vun der Reciprocitéit op.

Dowéinst wollt ech dem Här Finanzminsiter dës Froe stellen :

  1. Wéi laang daueren d’Verhandlunge mat den USA iwwer d’Implementéierung vum FATCA viraussiichtlech a wéini soll dat Ofkommes ënnerschriwwe ginn?
  2. Wéi eng Auswierkungen huet de Fait, datt mir géintiwwer den USA den « Model 1 » am FATCA gewielt hunn, op déi lëtzebuergesch Steierverwaltung? Huet si genuch Leit fir déi Aufgaben? Wéi eng Méibelaaschtung bréngt den automateschen Informatiounsaustausch an der EU vum 1. Januar 2015 un nach fir eis Steierverwaltung?
  3. Huet d’Ëmsetzung vum Accord FATCA viraussiichtlech Inzidenzen op d’Presenz vun amerikanesche Clienten op der Finanzplaz Lëtzebuerg?
  4. Wéi héich sinn d’Käschte vun der Ëmsetzung vum Accord FATCA fir d’Finanzinstituter bei eis am Land?
  5. Wéi gëtt d’Reciprocitéit an deem Accord garantéiert, allgemeng awer och besonnesch wat den US-Bundesstaat Delaware ugeet? Anescht gesot, informéieren d’USA Lëtzebuerg automatesch iwwer Bankkonten, déi vu Lëtzebuerger physeschen oder moralesche Persounen an den USA, zum Beispill am Delaware, ënnerhale ginn?
  6. Insistéiert Lëtzebuerg op d’Reciprocitéit an de Verhandlunge mat den USA?
  7. Wéi ass d’Aschätzung vun der Lëtzebuerger Regierung iwwer eventuell Problemer mam Dateschutz bei der Implementéierung vum FACTA-Ofkommes?
  8. Freet Lëtzebuerg d’USA bilateral oder um Niveau vun der EU fir och bei hinnen, am amerikanesche Finanzwiesen, méi Transparenz géintiwwer dem IRS anzeféieren, fir datt dann sou Informatiounen un d’FACTA-Partnerstaate reziprok kënne virugeleet ginn?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse écrite de Monsieur Luc Frieden, Ministre des Finances

Deel dëse Post: