[QUESTION PARLEMENTAIRE] Accident sur la décharge SIDEC à Friddhaff

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Aarbechtsminister weiderzeleeden.

Den 22. Abrëll 2013 soll et op der mechanesch-biologescher Offallvirbehandlungsanlag (MBA) op der SIDEC um Friddhaff zu engem schroen Accident komm sinn.

An deem Kontext wéilt ech dem Här Aarbechtsminister dës Froe stellen:

  1. Kann den Här Minister confirméieren, datt et zu deem Accident komm ass?
  2. Wa jo:

a. Wéi laang ass mat engem Aarbechtsausfall ze rechnen?

b. Wien ass responsabel?

c. Huet d’SIDEC déi gesetzlech Prozedur an esou engem Fall an och déi néideg Korrekturvirschléi vun der ITM respektéiert?

 

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Deel dëse Post: