An Däitschland schloe couragéiert Erzéiungswëssenschaftler Alarm: den Niveau vun de Schoulen ass säit dem “Wir schaffen das!” vum Angela Merkel de Bierg erofgaang. Mee wéi gesäit d’Situatioun am beschauleche Lëtzebuerg aus? Dat wëll de Fred Keup vum Schoulminister wëssen.
Fro:
De Prof. Dr. Axel Plünnecke vum “Institut der deutschen Wirtschaft” huet rezent am Hibléck op de Qualitéitsverloscht vun däitsche Schoulen, wéi e vum aktuellen „Bildungsmonitor“ beschriwwe gëtt, vun enger „Wasserscheide“ ëm d‘Joer 2015 erëm geschwat. Virun 2015 wieren d‘Schoule besser gewiescht, dono méi schlecht. An de vergaangenen zéng Joer wiere vill méi Kanner an d’Schoul gaang, wéi déi däitsch Kultusministeren 2010 geduecht hätten. Méi Kanner wieren u sech e Gewënn fir d‘Land, „aber 2015 hat das Schulsystem überfordert, man fand keine schnellen Antworten auf die Herausforderungen der gestiegenen Fluchtmigration“. (Quell: „Bild Zeitung“, 25.8.2025).
Am Hibléck op d‘Analys vum Prof. Dr. Axel Plünnecke zur Schoulentwécklung an Däitschland säit 2015 an ënner Berécksiichtegung vu vergläichbaren Erausfuerderungen zu Lëtzebuerg géif ech dem Här Schoulminister gär follgend Froe stellen:
- Wéi huet sech an den Ae vum Här Minister d‘Schoulqualitéit zu Lëtzebuerg säit 2015 entwéckelt – besonnesch am Hibléck op déi staark gestigen Zuel vu Kanner, déi zu Lëtzebuerg an d’Schoul ginn?
- Gouf et zu Lëtzebuerg eng vergläichbar Zäsur am Bildungssystem wéi déi vum Prof. Dr. Plünnecke beschriwwen?
- Wann nee, wéi eng Grënn waren dem Här Minister no ausschlaggebend dofir, datt et zu Lëtzebuerg net zu sou enger Zäsur koum?
- Wéi gutt war Lëtzebuerg 2015 op déi gestigen Zuel vu Schüler mat Flucht- oder Migratiounshannergrond virbereet?
- Wéi eng Moossname goufe säit 2015 konkret geholl, fir Kanner ouni Kenntnisser an den dräi Amtssprooche vum Land an eise Schoulsystem ze integréieren? Mat wéi engem Erfolleg?
- Wéi bewäert den Här Minister haut d’Wierksamkeet vun den „Accueil-Klassen“?
- Gouf et säit 2015 Enkpäss bei der Ausstattung vu Schoulen, besonnesch an de gréisseren Uertschaften? Wa jo, wéi gouf op dës Enkpäss reagéiert?
Äntwert:
D’Joren 2015 an duerno hunn och zu Lëtzebuerg zu engem bemierkbaren Opschwong vun der Schülerzuel gefouert, ënnert anerem wéinst der Flüchtlings- a Migratiounsbeweegung. Déi Situatioun huet eise Schoulsystem sonner Zweiwel gefuerdert, allerdéngs net iwwerfuerdert.
1.
D’Reaktivitéit vum Lëtzebuerger Schoulsystem huet et erlaabt, d’Qualitéit vum Unterrecht bäizebehalen an de Bedierfnesser vun enger ëmmer méi heterogener a wuessender Schülerpopulatioun gerecht ze ginn. D’Donnéeën aus den nationale Monitoringinstrumenter am Bildungsberäich (Épreuves standardiséesEpStan, Bildungsbericht) weisen zanter 2015 kee markante Réckgang vun de Schülerleeschtungen a kee sougenannte „Wasserscheide“-Effekt, wéi en deelweis fir Däitschland beschriwwe gëtt. D’Resultater bleiwen am nationale wéi och am internationale Verglach éischter stabil; gläichzäiteg ass kloer, datt de Lëtzebuerger Schoulsystem weider grouss demografesch a soziolinguistesch Erausfuerderunge bewältegen muss. Fir deem Rechnung ze droen, gouf d’Offer zanter 2015 progressiv diversifizéiert a mam Besoin um Terrain ofgestëmmt: nei Lycéeën a spezialiséiert Sektiounen, d’Aféierung vun ëffentlechen europäeschen an internationale Schoulen, d’Moderniséierung vun de Programmer a Referenzdokumenter, reegelméisseg Upassunge vun de Grilles horaires souwéi zousätzlech pedagogesch Ressourcen. Dozou goufen zousätzlech Enseignanten an edukatiivt Personal rekrutéiert, fir dem demografesche Wuesstem an der Diversitéit vun der Schülerpopulatioun gerecht ze ginn.
2.
Déi uewe genannten Initiativen hu verhënnert, datt et zu enger Iwwerfuerderung vum System koum, wéi
se an anere Länner beschriwwe gëtt. Lëtzebuerg war schonns 2015 duerch eng grouss Diversitéit (49 % vun de Schüler mat Migratiounshannergrond) markéiert. Eise Schoulsystem ass historesch sou gewuess, datt een der Méisproochegkeet an der Diversitéit am Land Rechnung droe kann a sech mat der Zäit weiderhin upasst, och wann d’Demande wiisst. Strukture wéi Classes d’accueil am Fondamental an am Secondaire, Cours d’accueil a spezifesch Sproochfërdermoossname bestinn zanter Joren a goufen no 2015 der méi héijer Nofro ugepasst – ouni datt fundamental nei Strukturen hu misste geschaf ginn.
3.
D’Flexibilitéit vum Lëtzebuerger Bildungssystem an e reaktiivt a pragmatescht Handelen hu verhënnert, datt et zu enger Iwwerfuerderung koum. Zanter Joren existéieren Instrumenter wéi Classes d’accueil (éischt Klassen an de 60er Joren am deemolegen Enseignement primaire), Classes à régime linguistique spécifique a weider strukturéiert Sproochfërderungsmoossname wéi Cours d’accueil. D’Konzept vun enger Classe d’accueil ass spéider och am Secondaire verankert ginn, fir de Schüler Zougang op déi ganz Offre scolaire ze bidden an dës besser an d’Gesellschaft ze integréieren. Zanter 2015 ass d’Demande no dëse Mesurë gewuess, allerdéngs hu keng fundamental nei strukturell Mesuren en place misse gesat ginn, fir op d’Situatioun ze reagéieren. Grouss gesellschaftlech Trends – wéi den intensive Gebrauch vu soziale Medien a vu Smartphones bei Jugendlechen – ginn am nationale Monitoring an doriwwer eraus mat observéiert a fannen hiren Nidderschlag an der aktueller a geplangter Bildungspolitik (z. B. sécher.digital mat der „Screentime“-Campagne, d’Moderniséierung vun de Programmer). Reformprojete wéi ALPHA – zesumme wuessen an Initiativen am Beräich vun der Inklusioun a vun der Sproochefërderung droen dozou bäi, Bildungsongläichheeten ofzebauen an d’Qualitéit vum System och an Zukunft sécherzestellen.
4.
2015 war Lëtzebuerg scho gutt opgestallt: Et bestoungen etabléiert Strukturen, fir op d’Migratiounssituatioun ze reagéieren an d’Integratioun vun de villen neie Schüler ze garantéieren. Ressourcë goufen zur Verfügung gestallt, Personal rekrutéiert an ausgebilt souwéi d’Orientatioun vun de Schüler op nationalem Niveau organiséiert. D’Lycéeën an d’Schoulen hu Klassen opgemaach, fir de Kanner eng fair a gerecht Integratioun ze bidden. Et gouf pedagogescht Material ausgeschafft an zur Verfügung gestallt. Ausserdeem goufe Formatiounen a Begleedung vun zousätzlechem Léierpersonal an interkulturelle Mediateuren organiséiert, fir de konkrete Besoinen um Terrain gerecht ze ginn.
5.
An deene leschten 10 Joer sinn d’Classes d’accueil am Fondamental a Secondaire, d’Classes à regime linguistique spécifique an d’Classes internationales weider ausgebaut ginn, fir dem Profil vun den Schüler, déi nei an d’Land kommen, gerecht ze ginn; et ass un der Professionnaliséierung a Sensibiliséierung vun den Enseignanten, déi an deem Beräich ënnerriichten, geschafft ginn; et ass der Sensibiliséierung vun den Elteren, der Verstäerkung vun der interkultureller Mediatioun an der Valoriséierung vun der éischter Sprooch Rechnung gedroen ginn, fir ee beschtméiglecht Zesummeliewen ze erméiglechen. Gläichzäiteg sinn d’Curricula an och d’Grilles horaires adaptéiert ginn, fir d’Transitiounen ze erméiglechen, eist Land, Sprooch(en) a Kultur méi no ze bréngen a verschidde Projeten (wéi zum Beispill Logbuch Neuland oder Espaces de paroles régulées) si realiséiert ginn, fir d’Integratioun ze fërderen an en interkulturellen Dialog ze erméiglechen.
6.
De Lëtzebuerger Schoulsystem ass equipéiert fir Kanner, déi am Laf vun hirer schoulescher Carrière an onse Schoulen bäikommen. D’Accueil-Offer, an dozou zielen och d’Accueil-Klassen, stellen e wichtege Bestanddeel vun eiser Integratiounspolitik duer. Si erlaben eng individuell Begleedung vun den Élèves nouvellement arrivés an droen de migratiounsspezifeschen Erausfuerderunge Rechnung. Nieft enger sproochlecher a sozialer Integratioun, ënnert anerem duerch eng Aféierung an d’Lëtzebuerger Sprooch a Kultur, erméiglechen dës Offer, de Schüler am Land Fouss ze faassen, perséinlech Ziler ze fixéieren a sech
an enger neier Gesellschaft erëmzefannen. Si erlaben de Schüler, hir Virkenntnisser, sou ënnerschiddlech déi och sinn, ze weisen, an hirem Rhythmus ze progresséieren, eng nei Sprooch ze léieren an sech ze integréieren. D’Accueil-Offer ass an deem Sënn eng Äntwert op d’Diversitéit vun de Profiller vun de Schüler, se erméiglecht hinnen, sech zurecht ze fannen a Brécken ze bauen zu der besteeënder Offer a Funktioun vun de Kapazitéiten a Besoine vun den Kanner a Jugendlecher.
7.
Ewéi schonns erwäänt huet de kollektiven Effort vun den Schoulen a Lycéeën et erméiglecht, viraussichtlech Enkpäss an de Schoulen ze iwwerwannen a Léisungen organisatorescher an infrastruktureller Natur si fonnt ginn. Fir an Zukunft heirop ze reagéieren, gouf mat geziilten Infrastruktura Personalmoossname reagéiert. Déi bestoend Schoulinfrastrukture goufen ausgebaut an nei Strukture goufen amenagéiert oder geplangt. Gläichzäiteg ass de Recrutement vu spezialiséiertem Personal erméiglecht an ëmgesat ginn. D’Ressourcenzoudeelung gouf dobäi méi flexibel organiséiert, wärend d’Autonomie scolaire verstäerkt ginn ass. Donieft ass d’schoulesch Offer regional erweidert ginn. Zousätzlech gouf en nationale Service institutionaliséiert, deen de Schoulen a Lycéeë pedagogesch Ressourcen, Mediateuren a spezialiséiert Personal zur Verfügung stellt. D’Schülerverdeelung gouf méi staark coordonéiert dank enger Zentraliséierung vun Informatiounen a Profiller vun den Nouveaux arrivants, wat zu enger kohärenter nationaler Planung bäidréit.