Psychotherapie: Séier Hëllef fir déi Betraffen!

Mental Gesondheet: Wien eng Psychotherapie an Usproch wëll huelen, soll dat onkomplizéiert a séier maache kënnen – an dobäi seng Sue rembourséiert kréien. Allerdéngs brauch et elo séier eng kloer gesetzlech Basis, fir dat ze erméiglechen. D’ADR mécht sech an enger parlamentarescher Fro genee heifir staark.

Vill Leit kënnen et sech aus Käschtegrënn net leeschten, sech psychotherapeutesch behandelen ze loossen – wat de Leidensdrock zousätzlech verstäerkt. Et ass dofir begréissenswäert, datt déi psychotherapeutesch Behandlung an Zukunft vun der CNS soll rembourséiert ginn.

Allerdéngs weist de Staatsrot a sengem Avis vum 23. Januar kloer dorop hin, datt de Remboursement vun der Psychotherapie op kenger gesetzlech gülteger Basis berout. Den Här Minister hätt sech deemno iwwert d’Gesetz ewechgesat, fir datt d’Psychotherapie ab dem 1. Februar soll rembourséiert ginn. Dëst bréngt och eng gewëss Rechtsonsécherheet fir de Patient mat sech.

Am Hibléck op de Respekt vum Rechtsstaat wär et an deem Kontext néideg, datt dee begréissenswäerte  séierst méigleche Remboursement vun der Psychotherapie awer op enger klorer gesetzlecher Basis berout.

An deem Kontext hätt ech folgend Froen un d’Regierung:

  1. Wéi positionéiert sech d’Regierung géintiwwer den Aussoe vum Staatsrot, datt de Remboursement vun der Psychotherapie op kenger gesetzlech gülteger Basis berout?
  2. Gedenkt d’Regierung elo esou ze legiferéieren, datt de Bedenke vum Staatsrot Rechnung gedroe gëtt?

Mat déiwem Respekt,

Jeff Engelen

 

Deel dëse Post: