Protokoller während dem “état de crise”

Am Règlement grand-ducal vum 18. Mäerz 2020 “portant introduction d’une série de mesures dans le cadre de la lutte contre le Covid-19”, dee bis zum 25. Juni 2020 a Kraaft war, ginn am 5. Kapitel eng Rei vu Sanktiounen opgelëscht géint Personnes physiques a géint Betriber, déi géint d’Bestëmmunge vum RGD verstoussen. D’Froen, déi sech hei stellen, sinn: Kann ee Règlement grand-ducal an engem Etat de crise eng nei Infraktioun schafen? Wéi e Gesetz ass dofir déi legal Basis? Missten déi Leit, déi “zur Kasse gebeten” goufen, hiert Geld net zeréckkréien?

Deel dëse Post: