Prostitutiounsgesetz: de schwedesche Modell op Ëmweeër!

Mam neie Prostitutiounsgesetz, dat de 6. Februar an der Chamber gestëmmt gouf, sollt d’Prostitutioun zu Lëtzebuerg encadréiert ginn, fir géint Ausbeutung, Zouhälterei a Mënschenhandel virzegoen. D’Zeitungen hu bericht, et géing sech dobäi ëm eng Mëschung vu verschiddene Modeller handelen. Den ADR-Deputéierte Roy Reding erkläert a senger Interventioun, datt dëst awer net de Fall ass. Mat dësem Gesetz gëtt d’Prostitutioun net encadréiert, mee et gëtt eng Disposition pénale geschaf, duerch déi all Client kriminaliséiert gëtt. Dëst ass näischt anescht ewéi de schwedesche Modell, just datt d’Regierung net de Mutt hat, fir et och als dësen auszeweisen, sou de Roy Reding. Mat dësem Gesetz kann all Client vun enger Prostituéierter oder engem Prostituéierte bestrooft ginn. Am Endeffekt schuet dëst awer deene Leit, déi hiert Liewen duerch Sexaarbecht verdéngen. Duerfir huet d’ADR géint dëst Gesetz a säi falschen Usaz gestëmmt.

 

Deel dëse Post: