Prostitutioun: ADR proposéiert e klore rechtleche Kader!

D’ADR huet de 4. Juli eng Gesetzespropositioun iwwert d’Prostitutioun an der Chamber deposéiert. Et muss endlech Schluss domat sinn, datt Persounen, déi volljäreg sinn a selwer fir sech entscheeden, dee Beruff ze ergräifen, kriminaliséiert ginn. D’Prostitutioun ze ignoréieren heescht, dës Leit an der Prekaritéit liewen ze loossen, dëse Leit e soziale Status an och hiert Urecht op d’Kranken- a Pensiounskeess ze verweigeren. Aktuell besteet keng Kontroll, wat d’Prostitutioun ugeet. Dës mécht d’Diere grouss op fir all Zort vu Kriminalitéit: Prostitutioun vu Mannerjäregen, d’Zwangsprostitutioun an d’Beschafungsprostitutioun mussen endlech decidéiert bekämpft ginn. De Phänomen vun der Prostitutioun ze ignoréieren, wéi d’Regierung dat aktuell mécht, ass inakzeptabel!

Deel dëse Post: