Prost Neijoer: ADR mat konsequenter Oppositioun um gudde Wee

D’Wieder huet um Cents am Kulturzentrum net fir zefridde Gesiichter gesuergt, well kuerz virum Neijoersempfank vun der ADR hat e ugefaang mat schneien. Datt trotzdem jidfereen gutt gelaunt war, war d’Resultat vun der viller gudder Aarbecht, déi an der Oppositioun géint d’Lénksregierung vun 2014 u gemaach ginn ass. Eng Aarbecht, dären hir Friichten sech och an de rezente Sondagen, déi an der Press waren, weisen. A se weise sech och drann, datt RTL eng Live-Iwwerdroung aus dem Festsall um Cents gemaach huet.

Mä esou ewéi d’Partei an der Oppositiounspolitik fair a sachlech bleiwt a wéi se och probéiert, Gambia – déi dat dacks vergiessen – mat de Féiss op de Buedem zeréckzehuelen, war och d’Neijoersrezeptioun 2016: sachlech, kloer, gradlinneg an ouni Triumphalismus. D’ADR huet och hei gewisen, datt si eng serieux Partei ass, a si huet net vergiess, datt déi gudd Aarbecht fréistens an zwee (Gemengewalen) oder dräi Joer (Nationalwalen) belount gëtt. Bis dohinn heescht et viru schaffen, wéi och de Parteipresident Dr Jean Schoos betount huet, deen als eenzegen op der Feier geschwaat huet.

 

Deel dëse Post: