Propositiounen och virun de Walen

Dësen Artikel ass an der drëtter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

Och aus der Oppositioun eraus weist d‘ADR, datt se Verantwortung fir dëst Land kann droen. D‘ADR huet schonns virun de Wale vun 2009 d‘Wourecht iwwert d‘Staatsfinanze gesot. Et ass och net op d‘Opléisung vun der CSV-LSAP-Regierung gewaart ginn, fir ganz konkret Virschléi op den Dësch ze leeën, wéi a wou de Staat kann a muss spueren. Dorënner sinn och manner populär Mesuren, déi awer néideg sinn, wa mir net wëllen d‘Laascht vun der Staatsschold op eis Kanner an Enkelkanner iwwerdroen.

Am Abrëll 2010, virun de Gemengewale vun 2011 an nees am Virfeld vun der Declaratioun zur Lag vun der Natioun huet d‘ADR hir Virschléi der Ëffentlechkeet am Parlament virgeluecht. Et sinn dës ganz konkret Propositiounen, déi op dëser Säit nozeliese sinn. Och am Walprogram fannen all dës Propositiounen hire Nidderschlag, an d‘ADR wäert sech konsequent dofir asetzen, datt de Budget vum Zentralstaat nees an den Equiliber kënnt an d‘Staatsschold net weider klëmmt. Dëst si mer eise Kanner schëlleg!

Deel dëse Post: