Propositioune vum Roy Reding fir e besseren Déiereschutz [Video]

En Déier ass keng Saach! Fir dëst och kloer an däitlech an onse Gesetzer, a besonnesch an der Konstitutioun, ze verankeren, huet de Roy Reding um éischten Dag vun der Chambersessioun 2015 – 2015 zwou Propositiounen deponéiert.

An enger Propositioun fir d’Verfassung ze ännere gëtt dësen Text virgeschloen: „De Staat erkennt, datt Déiere lieweg Wiese sinn déi matfillen, an e kuckt fir hir Dignitéit an hiert Wohlsënn ze schützen“. (Il (l’Etat) reconnaît aux animaux le statut d’êtres vivants doués de sensibilité et veille à protéger leur dignité et leur bien-être).

D’Gesetzespropositioun bezitt sech op de Code civil, wou en Ënnerscheed gemaach soll ginn, tëschent Déieren a Saachen.

Deel dëse Post: