Produkter aus Zwangsaarbecht verbidden: An den E-Auto?

D’EU wëll Produkter aus der Zwangsaarbecht verbidden a berifft sech op eng Definitioun vun der Internationaler Aarbechtsorganisatioun (ILO). Déi nemmlecht ILO ass géint d’Kanneraarbecht an Afrika, speziell an de Kobalt-Minnen, ganz aktiv. Kobalt ass e wichtege Bestanddeel vun Autosbatterien a gëtt besonnesch bei E-Autoen vill gebraucht. D’EU-Regelung wëll all Produkt verbidden, wou nëmmen de Verdacht op Zwangsaarbecht besteet … De Fernand Kartheiser freet no.

Fro

D’EU wëll Produkter aus der Zwangsaarbecht verbidden a berifft sech op eng Definitioun vun der Internationaler Aarbechtsorganisatioun (ILO). Dësen Text soll scho gräifen, wann nëmmen e Risiko vun Zwangsaarbecht besteet, déi net fir e Produkt muss explizitt nogewise ginn. Dozou hunn ech dës Fro:

  1. D’International Labour Organization (ILO) ass ganz aktiv am Kampf géint d’Kanneraarbecht an den afrikanesche Kobaltminnen. Wéi eng Konsequenzen hunn dës Entwécklungen op d’Elektromobilitéit? Ass d’Regierung weider der Meenung, d’Elektromobilitéit wëllen ze subventionnéieren?

Äntwert

Réponse commune du Ministre de l’Énergie, Claude Turmes, du Ministre de l’Économie, Franz Fayot, et du Ministre de la Mobilité et des Travaux public, François Bausch, à la question parlementaire n°6869 du 20 septembre 2022 du Député Fernand Kartheiser au sujet de la lutte contre le travail forcé

 Wéi an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°243 vum 22. Januar 2019 am Detail beschriwwe gouf, ass d’Zil d’Produktioun vu Batterie méi nohalteg a sécher ze gestalten. Bei de Produktiounsprozesser gëtt ëmmer méi Wäert op Nohaltegkeet an och op de Respekt vun de Mënscherechter geluecht. Et si Verbesserungen an deem Beräich visibel; de problematesche Klengbiergbau huet deemools nëmmen nach ronn 20% vun der weltwäiter Gesamtproduktioun entsprach, mat enger Tendenz no ënnen (am Verglach 2002: 90%). Et muss een och ënnersträichen, datt eng ganz Rei vu Ressourcen déi fir d’Batterieproduktioun gebraucht ginn, och op eisem Kontinent fonnt kënne ginn a sou eng Produktioun mat kuerzen Transportweeër erméiglecht ka ginn, wéi z.B. Kobalt aus Finnland, Frankräich, Schweden, Portugal oder der Slowakei.

Wéi an der rezenter Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°6610 vum 4. August 2022 präziséiert, gëtt et zënter 2017 och eng europäesch Initiative, “European Battery Alliance”, déi sech och genee mat den Ëmwelt- a Sozialstandarden ausernaner setzt, well d’Batterien e feste Bestanddeel vun der Energietransitioun sinn. D’Zil ass et d’Produktioun vu Batterie méi nohalteg a sécher ze gestalten, an op eng Entwécklung vun alternative Batterien ouni Kobalt hinzewierken. Eng Rei Batteriehiersteller hunn an der Presse Annonce gemaach Batterien ouni oder mat geréngem Kobaltgehalt ze entwéckelen.

An dësem Kontext schafft d’EU dofir mat der Revisioun vun der Direktiv vun 2006 iwwert Batterien an Offallbatterien op engem Batteriereglement fir de ganze Liewenszyklus vun de Batterien ze encadréieren, et gëtt erwaart dass déi Diskussioune bis Enn 2022/Ufank 2023 ofgeschloss sinn. Fir Lëtzebuerg verhandelt den Ëmweltministère d’Verschäerfung vun dëser Gesetzgebung.

 

Deel dëse Post: