Probleemer Garer Kommissariat: An déi politesch Responsabilitéit?

Zënter e puer Woche suerge Virfäll an Entwécklunge ronderëm d’Police op der Stater Gare fir ganz vill Diskussiounen. Déi Polizisten, déi do hiren Déngscht fir eis Sécherheet leeschten, hunn et dacks mat ganz schwierege Situatiounen ze dinn. Wann et elo zu Virwërf géintiwwer eenzele Poliziste koum, déi um Garer Kommissariat schaffen, ass et sécher wichteg, fir am Interessi vun eisem Rechtsstaat d’Virfäll genee ze préiwen, opzeklären an, wann néideg, viru Geriicht ze bréngen. Wichteg ass et awer och, fir iwwer déi Manéier nozedenken, ewéi d’Poliziste rechtlech an och anescht behandelt ginn a sécher ze stellen, datt hire Fall fair a korrekt  traitéiert gëtt.

De Fernand Kartheiser huet dozou e puer Froen un d’Regierung, dat heescht un d’Justizministesch Sam Tanson an de Policeminister Henri Kox.

Fro:

  • E puer Poliziste vum Garer Kommissariat hu sech krank gemellt an/oder hir Déngschtwaff ofginn. Et gëtt net ausgeschloss, datt et sech kéint em eng psychologesch Reaktioun oder och em eng Demonstratioun vu Solidaritéit mat hiren inhaftéierte Kolleegen handelen. Dowéinst stellt sech d’Fro no der Motivatioun an der Police. Wéi en Effekt hunn déi Virfäll op der Gare an d’Behandlung vun deene concernéierte Polizisten op d’Motivatioun vun de Polizisten allgemeng? Ass et richteg, datt och op anere Kommissariater d’Behandlung vun deene Virfäll an déi vun deenen inhaftéierte Polizisten zu enger gewësser Onzefriddenheet, Demotivatioun a Beonrouegung geféiert hunn?
  • Wéi eng Poliziste ginn op esou schwiereg Kommissariater, ewéi den op der Gare, affektéiert? Wéi ass et ze erklären, datt och ganz jonk Polizisten, ouni vill Erfarung, op esou eng Plaz kommen?

 

  • Firwat sinn um Garer Kommissariat keng Kameraen ubruecht ginn, obwuel d’Beamte vun der Gare dat schonns jorelaang zu hirer eegener Sécherheet gefrot hunn?

 

  • Wat gouf gemaach, fir d’Aarbechtsbedingunge vun de Polizisten op der Gare an op anere besonnesch geféierleche Plazen ze verbesseren?

 

  • Déi vun de Virwërf direkt concernéiert Poliziste sëtze schonn iwwer e Mount an Untersuchungshaft. Wéi ass dat ze justifiéieren? Vun enger Fluchtgefor kann ee jo wuel net ausgoen. Ass d’Dauer vun dem Emprisonnement mat doduerch bedéngt datt, wéi een et mol ka liesen, den zoustännegen Untersuchungsriichter soll am Congé gewiescht sinn? Firwat konnte si net provisoresch op fräie Fouss gesat ginn?

 

  • Firwat krut ee vun deenen inhaftéierte Poliziste refuséiert, mat Begleedung op d’Begriefnis vun engem Familljemember ze goen?

 

  • Firwat war et net méiglech, datt ee vun deenen inhaftéierte Polizisten no sengem Termäin beim Untersuchungsriichter nach konnt mat sengen Eltere schwätzen, déi virun der Dir gewaart hunn?

 

  • Goufen d’Polizisten an der Untersuchungshaft korrekt behandelt? Firwat goufen der zwee vun hinnen an der Infirmerie ënnerbruecht „eenzel an engem klengen Zëmmer“ bei „Gejäiz vun aneren Häftlingen, Dreeungen, asw.“, ouni kënnen d’Fënster opzeloossen, ouni Dusch an esou weider (Informatiounen aus de soziale Medien) ?

 

  • Goufen déi Punkte fënnef bis siwen der Madamm Ombudsman an hirer Capacitéit als externe Kontroller vun de Prisongen gemellt?

 

  • Huet sech d’Direktioun vun der Police ëm déi inhaftéiert Poliziste gekëmmert? Wa jo, ënnert wéi enger Form? Wann nee, firwat net? Krute si eng „assistance judiciaire“?

 

  • Am „Quotidien“ vum 17. August 2023 stoung en Artikel mat dem Titel „Grand ménage au commissariat“. An deem Artikel stinn eng Rei Informatiounen, vun deenen ee kéint unhuelen, datt si ënner dem „secret de l’instruction“ misste behandelt ginn an dowéinst net däerften un d’Ëffentlechkeet kommen. Gouf et Indiskretioune bei der IGP? Ass no der Publikatioun vun deem Artikel vum Parquet, vun der Police oder vun der IGP selwer eng Enquête wéinst presuméierter Violatioun vum „secret professionnel“ oder vum „secret de l’instruction“ opgemaach ginn? Wann nee, firwat net?

 

  • Ass zu all Zäitpunkt vun der Enquête vun deenen inhaftéierte Polizisten d’Onscholdsvermuddung respektéiert ginn? Ass sécher gestallt, datt esouwuel de Parquet ewéi och d’IGP « à charge et à décharge » ermëttelen ?

 

  • Wéi sinn d’Relatiounen tëschent der IGP an der Police? Ass et esou, datt d’Police och d’Instruktioun vu Plainte géint  Membere vun der IGP iwwerhëlt ?

 

  • Bestinn um Parquet Lëtzebuerg Plaintë géint Beamte vun der IGP an engem beruffleche Kontext an, wa jo, wéinst wat an ewéi ee Suivi haten dës?

 

  • Anscheinend sinn déi allgemeng Relatiounen tëschent de Membere vun der Police an deene vun der IGP net gutt. Kann den Här Minister dat confirméieren? Wéi erkläert sech den Här Minister dat Mësstraue géintiwwer der IGP a wéi eng Moossname wëll hien treffen, fir déi Situatioun ze verbesseren?
Deel dëse Post: