Private Radiologie-Zenter zu Esch dierf Scanner a Mammograph net méi benotzen, firwat?

Hei fannt Dir déi parlamentaresch Fro vun der honorabel Députéiert Alexandra Schoos.

Här President,

esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weiderzeleeden.

Ewéi den 100komma7 an den RTL haut bericht hunn, sinn all d’Aktivitéite vun der “Hygie Imagerie” déi mam Scanner an der Mammographie zesummenhänken, vum Gesondheetsministère gestoppt ginn. D’Rendez-vouse vun de Patiente sollen op déi 4 Haaptspidolszentere verdeelt ginn.

An dësem Kontext géing ech der Regierung gär dës dréngend Froe stellen:

  • Aus wéi engem Grond goufen dës Aktivitéite verbueden? Gëtt et heivir eng legal Basis a wa jo, wéi eng?
  • Ass dëse Verbuet temporär, bezéiungsweis reversibel?
  • Mat wéi engen Delaie mussen d’Patiente rechne fir e Rendez-vous an engem vun de 4 Spideeler ze kréien? Wéi gëtt d’Drénglechkeet evaluéiert an dëse Fäll? Wee këmmert sech em d’Verleeën vun dëse Rendez-vousen?

 

Mat déiwem Respekt,

Deel dëse Post: