Prime de risque: D’Douane ass d’Stéifkand!

D’Aarbecht vun der Douane ass mat ville Gefore verbonnen. Net ëmsoss sinn d’Beamten änlech equipéiert, ewéi d’Police. Fir d’ADR ass et net nozevollzéien, datt d’Beamte vun der Douane eng Prime de risque vu just 10 Punkten hunn – also genee déi selwecht Unzuel u Punkten, ewéi d’Beamte vum Contrôle de stationnement (Pecherten). Am Verglach dozou hunn d’Police, d’Arméi an d‘IGP am Groupe de traitement C eng Prime de risque vu 35 Punkten. D’Süd-Deputéierte Fernand Kartheiser a Fred Keup maache mat enger parlamentarescher Fro Drock op d’Regierung, datt sech hei endlech eppes ännere soll…

Deel dëse Post: