Preventioun a Saache Shisha-Fëmmen

D’Shisha-Fëmme gëtt ëmmer méi populär. 2021 hunn zu Lëtzebuerg net manner wéi 34 Prozent vun de Jugendlechen tëscht 16 a 24 Joer Shisha gefëmmt.

D’Waasserpäif gëtt vu ville Leit als “gesond Alternativ” zur traditioneller Zigarett duergestallt. Gesondheetsexperte warnen awer virun de gesondheetsschiedleche Konsequenze vum Shisha-Fëmmen. Effektiv gëtt beim Shisha-Fëmmen net nëmme méi déif, mee och méi oft an iwwer ee méi laangen Zäitraum inhaléiert wéi bei Zigaretten. De Professer Dr. med. Wulf Pankow,  Expert vun der Däitscher Gesellschaft fir Pneumologie a Beotmungsmedizin e.V. (DGP), warnt an engem Interview: “Laut unseren Recherchen sind mindestens 82 schädliche Substanzen in den Shisha-Mischungen – darunter befinden sich 27, die Krebs erzeugen oder im Verdacht stehen, Krebs zu erzeugen. Dazu kommen giftige Metalle, Kohlenmonoxid und lungengängige Partikel.” 

Wat mécht d’Regierung, fir virun de Gefore vum Shisha-Fëmmen ze warnen? Gëtt Preventiounsaarbecht geleescht, fir Jugendlecher virun dësem Trend ze warnen?

Deel dëse Post: