Bréissel, Belsch – 1. Juni 2026
No engem Instagram-Post vun enger Lëtzebuerger EU-Deputéierter iwwert eis Sprooch huet de Fernand Kartheiser haut d’Initiativ geholl, fir deenen anere fënnef EU-Deputéierten an engem Bréif ze proposéieren, sech mat him zesumme fir eng Opwäertung vun der Lëtzebuerger Sprooch am Europäesche Parlament anzesetzen.
Den Text vun deem Bréif an dem Fernand Kartheiser seng rezentst Propositioune fannt Dir am Unhang.
Matgedeelt vum Büro vum EU-Deputéierte Fernand Kartheiser.