Pressematdeelung vum Fernand Kartheiser

Bréissel, Belsch – 16. Juli 2026 

Haut huet op en Neits eng Videokonferenz tëschent interesséierte Membere vum EU-Parlament an der baussepolitescher Kommissioun vum Parlament vun der russescher Federatioun stattfonnt. Dës Entrevue ass Deel vum informellen Dialog deen am Mee 2025 lancéiert gouf.

D’Ambiance vun der Reunioun war konstruktiv. D’Membere vun der Konferenz hunn den allgemengen Zoustand vun de bilaterale Relatiounen tëschent der EU a Russland zur Sprooch bruecht an déi sëllegen Initiativen, fir Kontakter, och um offiziellen Niveau nees hierzestellen, zur Kenntnis geholl. Zu deene verschiddenen Theemen, déi zur Sprooch bruecht goufen hunn d’Konflikter an der Ukrain an am Noen Osten gehéiert souwéi déi rezent Resolutioune vum EU-Parlament zur Ukrain. Weider gouf d’Noutwennegkeet fir déi ekonomesch, wëssenschaftlech a kulturell Bezéiungen tëschent der EU a Russland ze relancéieren, betount. Et gouf e Verglach iwwert den Zoustand vun de bilaterale Relatiounen tëschent de Vereenegte Staaten a Russland op där enger Säit an de bilaterale Relatiounen tëschent der EU a Russland op där anerer Säit gezunn.

D’Memberen hunn de Gewënn vun dësem Dialog unanime ënnerstrach an hir Decisioun confirméiert, dësen no den nächste russesche Parlamentswale wëlle bäizebehalen.

Matgedeelt vum EU-Deputéierte Fernand Kartheiser (ADR) 

 

Deel dëse Post: