Pressematdeelung: Parteiaustrëtt vum Roy Reding

Konform zu de Statutte sinn déi véier Bezierkskommiteeë vun der ADR den Ament amgaangen, hir Lëschte fir d’Chamber auszeschaffen an ze finaliséieren. Dës Lëschte ginn den 21. Juli presentéiert.

Am Bezierk Zentrum gëtt an deem Kader zanter Laangem iwwert dem Roy Reding seng Presenz an Aktivitéiten an der Chamber an an deene jeeweilege Parteigremien (ë.a. Exekutiv- an Nationalkommitee) diskutéiert. Wat säi politescht Mandat an der Chamber ugeet, ass festzestellen, datt de Roy Reding an de leschten dräi Joer bei ongeféier der Hallschent vun de Sëtzunge gefeelt huet; wann hie Presenz gewisen huet, dann dacks och just fir e puer Minutten. Bei ronn zwee Drëttel vun den Ofstëmmungen huet de Roy Reding net perséinlech deelgeholl, esou datt fir hien “par procuration” ofgestëmmt gouf. Bei de meeschte vu sengen Dossieren hu seng Fraktiounskolleegen hie misse remplacéieren. Wat säi Mandat am Stater Gemengerot ugeet, war d’Situatioun vergläichbar. An de Parteistrukture war hie quasi ni present.

Aus all deene Grënn hätt de Bezierkskommitee vum Zentrum den 3. Juli mat grousser Warscheinlechkeet d’Decisioun geholl, de Roy Reding net mat op d’Lëscht fir d‘Chamberwalen ze huelen. Dëst gouf dem Roy Reding am Virfeld kommunizéiert. Hien huet doropshin decidéiert, d’Partei ze verloossen. D’ADR fuerdert de Roy Reding elo an deem Kontext op, als Deputéierten ze demissionéieren, fir datt den Zweetgewielten am Zentrum, de Maître Alex Penning, kann noréckelen.

D’ADR stellt kloer, datt tëscht dem Roy Reding an der Partei keng politesch Differenze bestanen hunn, mee datt dës Consideratioun, de Roy Reding net mat an d’Walen ze huelen, reng op senger Inaktivitéit, sengem Feelen a senger Net-Presenz an der Chamber, an der Gemeng an an der Partei baséiert.

Vill vun den aktiven ADR-Membere sinn net méi bereet, sech fir eng Persoun anzesetzen, déi si an alle Strukture vun der Partei esou gutt wéi ni gesinn hunn an déi an der Chamber sou dacks gefeelt huet an doduerch esouwuel den Ufuerderunge vun der Partei wéi och dem Wielerwëllen net gerecht gouf.

 

Matgedeelt vun der ADR

Deel dëse Post: