En Dënschdeg, de 25. Februar 2014, huet d’ADR eng Pressekonferenz organiséiert fir Transparenz a Matbestëmmung vum Bierger ze verlaangen. D’Marceline Goergen, Gemengeconseillère an der Stad Lëtzebuerg, an de Roy Reding, Deputéierten, hunn zu deem Dossier Stellung bezunn. D’Marceline Goergen schätzt, datt de Gesamtprojet Tram wäit iwwert 1 Milliard Euro wäert kaschten, an dobäi gëtt de Problem vun de ville Pendler, déi all Dag an d’Stad kommen, net geléist. De Roy Reding huet op d’Alternativen higewisen: de City-Tunnel, als eenzeg Léisung fir de Problem wierklech an de Grëff ze kréien, an Héichleeschtungsbusser, déi direkt an ouni groussen Invest kënnen als Tëscheléisung agesat ginn.

Wat läit am Ament konkret vir ?

Projet de Loi 6626 vum fréiere Minister Claude Wiseler fir den Deel tëschent der Gare Centrale an der LuxExpo, plus den Tramsschapp an enger Gréngzone („zone spéciale de conservation”!). Dëse Projet gouf vun der CSV-LSAP Regierung op nëmmen 345,8 Milliounen Euro chiffréiert, eng Zomm, déi der ADR no massiv ënnerschat ass! Déi nei DP-LSAP-Gréng-Regierung wëllt de Projet acceleréiere mat de Verlängerungen op de Findel, Zéisseng, den Howald an neierdéngs bis op d’Cloche d’Or bei den zukünftege Stadion.

D’ADR fuerdert ganz séier Kloerheet an Transparenz iwwert d’Projete vun der Regierung, an dëst och ganz besonnesch, wat d’Finanzéierung betrëfft!

Wat géif den Tram kaschten ?
Vun 345 Milliounen op wäit iwwert eng Milliard? Fir d’ADR steet fest, datt déi Zomm, déi am Projet de Loi vum Minister Wiseler agedroen ass, ganz kloer fir d’Galerie war, nom Motto, wann de Chantier eemol am gaangen ass, spillen déi wierklech Käschte keng Roll méi!

Zum Verglach:
Tram Gare-LuxExpo
– 7,5 Kilometer Schinnen, Weichen, Trafoen, Oberleitung, … (mat Verleeë vun Infrastrukture wéi Gas, Waasser, Elektresch, Internet & Tëlee)
– 1 Tunnel (LuExpo – Gréngewald)
– 15 Statioune mam Mobilier urbain
– 32 Rammen
– 1 Tramsschapp an Atelier op ronn 6 Hektar
→ Zum Spotpräis vun 350 Milliounen Euro
Seelbunn op Schinnen Pafendall – Kierchbierg
– 270 Meter
– 3 Statiounen (1 x CFL, 2 x Seelbunn)
– 4 Rammen
→ Zum Präis vun 100 Milliounen Euro
Oder:
Den neien „Atelier Central“ fir d’CFL an der Zwickau:
mat de Gleisaarbechten, awer op „Industrieterrain“ wou d’Infrastukturen schonns all bestinn
→ Zum Präis vun 196 Milliounen Euro

D’ADR verlaangt TRANSPARENZ iwwert de Käschtepunkt vum GANZE Projet.
Wat kascht de ganze Projet Tram, esou wéi e vun der Regierung virgesinn ass?
Extensioun Tramsschapp – Aérogare Findel via Höhenhof : ronn 5 Kilometer
Extensioun Gare – Houwald – Cloche d’Or: ronn 4,5 Kilometer
Extensioun Gare – Zéisseng – Porte de Hollerich: knapp 2 Kilometer
Also: vu 7,5 Kilometer op 19 Kilometer
Rammen (laut PL Wiseler): vun 32 op 60 (dëst fir am 5-Minutten-Takt ze fueren, mat enger Maximalkapazitéit vu 5400 Passagéier / Stonn / Richtung)
Brécken, Park & Ride um Findel an op der Cloche d’Or…

Duerch de Verglach mat den anere Projeten a mat enger einfacher Regel de Tri kënnt ee fir de Projet vum Tram, wéi en elo vun der Regierung virgeschloe gëtt, op e Käschtepunkt vu wäit iwwert enger Milliard Euro.

Ier de Projet Tram sollt gestëmmt ginn, muss de Projet dem Land an dem Parlament a senger Gesamtheet virleien! Duerzo géiert natierlech de gesamte Käschtepunkt, dat heescht mat den Infrastrukturen, wéi Parkingen an Stroossen. Et muss och Kloerheet iwwert d’Funktiounnementskäschte bestoen, wie bezilt a wien d’Exploitatioun mécht. Och den Zäitraum vun de Chantiere muss virun engem eventuelle Vote an der Chamber detailléiert virleien.

Weider muss d’Fro gestallt ginn, op déi aner Gemengen (Hesper mam der Gare Houwald, Nidderanven mam Findel a P&R) sech mussen un den Investitiounskäschten a Fonctionnementskäschte bedeelegen.

De Problem gëtt domadder net geléist
Och mat engem enormen Invest vun iwwert 1 Milliard Euro ass den eigentleche Problem – Wéi bréngt ee ronn 150 000 Pendler an d’Stad? – mam Tram net geléist! D’Maximalkapazitéit läit ënnert där vun den aktuelle Buslinnen an der Achs Nei Avenue–Hamilius. D’Fuerzäit Gare–LuxExpo ass méi laang wéi den aktuellen Horaire vun de Busser.

Wat sinn d’Alternativen?
Déi eenzeg valabel Alternativ, an déi eenzeg Léisung vum Verkéiersproblem, bleift de City-Tunnel!
Déi nei iwwerschaffte Propos vum Ingenieur Georges Schummer schätzt dësen op 600 Milliounen Euro. Och wann de City-Tunnel genau esou deier géif wéi den Tram, hätt een en decisiven Avantage: de Problem vun de Pendler ass geléist!
Weider Avantagë vum City-Tunnel:
– Kapazitéit vun 22.000 bis 30.000 Passagéier / Stonn (Tram 5 400)
– Et gëtt keen neit Material gebraucht, och keng nei Tramsmännecher, keen Tramschapp…
– Et brauch keng (Privat-)Gesellschaft gegrënnt ze gi fir d’Exploitatioun
– D’Leit, déi mam Zuch an d’Stad kommen, brauchen net ëmzeklammen
– An der Zäit, déi ee bréicht, fir op der Gare vum Zuch an de Bus ze klammen, ass den Zuch schonns laang um Hamilius, um Glacis, um Lampertsbierg oder am Eecher Bierg
– D’Gesamtkapazitéit fir de Verkéier duerch d’Stad, tous moyens confondus, gëtt vergréissert.

Als Tëscheléisung, déi ganz schnell (am Zäitraum vun e puer Méint) kann a Betrib geholl ginn:
Héichkapazitéitsbusser BHNS (Bus à haut niveau de service)
Et brauch een dofir net wäit kucken ze goen! Den Exqui.City-Bus, wéi en zu Metz fir de Mettis agesat gëtt.. a schonns fir de Sales-Lentz op der Linn Hesper – Kierchbierg fiert!
Virdeeler vum Héichkapazitéitsbus
– Kënne progressiv an direkt agesat ginn, esou séier wéi se geliwwert kënne ginn
– Flexible Streckeverlaf, dorënner och op protegéierte Strécke mat Prioritéit bei de Verkéiersluuchten
– Ëmweltfrëndlech (Hybrid)
– Kapazitéit vun 150 Plazen: 3 x Bus = 1 x en duebelen Tram
– 3 Busser kënnen aus 3 verschiddene Richtunge kommen an 3 verschidden Destinatiounen hunn, dobäi awer en Tronc commun desservéieren
– Kee Problem, wann et misst sinn, fir Buschaufferen ze rekrutéieren (Tram: spezial Formatioun)
– Klengen Invest (protegéiert Stréck, Steierung vu Verkéiersluuchten, vläicht méi flott Arrêten)
– Vill manner Afloss op den anere Verkéier wéi en Tram vu 65 Meter! (1 Bus = 24 Meter)

De Bierger an den Decisiounsprozess aktiv mat abannen
D’ADR verlaangt, datt de Bierger eescht geholl gëtt an „Jo“ oder „Neen“ zum Tram muss kënne soen, dëst iwwert de Wee vum Referendum. De Referendum ass d’Geleeënheet, déi verschidden Alternativen dem Bierger virzeleeën. D’ADR verlaangt, datt d’Informatioun an d’Sensibilisatioun fir all Alternativ (Tram, City-Tunnel, Bus) muss equilibréiert sinn. Virun deem Referendum muss de Bierger, an aller Transparenz, all Donnéeën op den Dësch geluet kréien. Dobäi mussen déi 3 Alternativen (Tram, City-Tunnel, Héichkapazitéitsbus) éierlech an objektiv op hir Vir- an Nodeeler, op hir Kapazitéit an op hire Käschtepunkt ënnersicht ginn a verglach ginn.