De 15. Oktober hunn de Jean Schoos, ADR-Nationalpresident, an den Dr. Robert Thill-Heusbourg, Spëtzekandidat am Bezierk Norden, eng Pressekonferenz gehalen zum Thema Integratioun. Si hunn d’Theme Lëtzebuerger Sprooch, Nationalitéitegesetz a Walrecht fir d’Chamberwalen ugeschwat.
Lëtzebuerg, als ee vun de klengsten EU-Memberstaaten, huet proportional de gréissten Undeel un auslännescher Bevëlkerung. Ëm déi 44% vun der aktueller Bevëlkerung sinn Auslänner, zu deene jo och nach a verschiddene Hisiichten d’Frontaliere musse bäigezielt ginn. Dës besonnesch Erausfuerderung fir eist Land spigelt sech och am Walprogramm vun der ADR erëm.
D’ADR erkennt un, datt sech Lëtzebuerg ouni dës nei Awunner a Frontalieren net zu deem hätt kënnen entwéckelen, wat et haut ass. Och wa Lëtzebuerg am Ament a wirtschaftlech schwieregen Zäiten ass, esou bleift et dach weiderhin op dës Mataarbechter ugewisen. De Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg, mä och säi soziaalt Netz si vun dëse Mënschen ofhängeg. Déiselwecht Consideratioun gëllt natierlech och ëmgekéiert: Lëtzebuerg gëtt dëse Mënschen Aarbecht, e gutt Akommes a materiell Sécherheet.
Wéinst der Villfalt vu Kulturen op klengstem Raum a wéinst dem erhéichte Risiko vu Friemenangscht a Krisenzäiten, ass et vu besonnescher Bedeitung, datt duerch en harmonescht Zesummeliewen de soziale Fridden an och eng Gesellschaft, an där sech all fir e gemeinsamt Zil a fir de sozialen Zesummenhalt asetzen, erhale bleiwen.
D’ADR ass méi wéi jee dovunner iwwerzeegt, datt all d’Akteuren am Beräich vun der Integratioun vun den auslännesche Matbierger grouss Ustrengungen ze leeschten hunn. Ouni déi kulturell Wuerzele vun den auslännesche Matbierger wëllen a Fro ze stellen, ass et fir déi sozial Kohäsioun vun eiser Gesellschaft absolut néideg, datt dëse Matbierger eis Sprooch, eis Geschicht, eis Kultur, eis Wäerter an eis Traditioune vermëttelt ginn. Nëmmen esou kann d’Entstoe vun ethnesch-soziale Gettoe verhënnert ginn
Fir d’ADR däerf de Begrëff multikulturell keen Alibi fir en einfacht Niewentenee vu verschiddene Kulture sinn. D’Integratioun vun den auslännesche Matbierger ass iewescht Prioritéit.
1. Lëtzebuerger Sprooch
Fir d’ADR ass d’Lëtzebuerger Sprooch de Moyen „par excellence“ fir d’Integratioun ze förderen. Nëmmen iwwert dee Wee kënnen Auslänner, ob se scho méi laang oder zënter kuerzem zu Lëtzebuerg wunnen, dauerhaft Zougang fannen zu der lëtzebuergescher Gesellschaft. Och Frontalieren, déi dauerhaft hir berufflech Zukunft zu Lëtzebuerg gesinn, sollen un d’Lëtzebuerger Sprooch erugeféiert gin, ganz besonnesch wann se op hirer Aarbechtsplaz a Kontakt mat der Bevölkerung sinn. D’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch muss en onverzichtbare Bestanddeel vun Aarbechtsverträg am Gesondheetsberäich an an der Kannerbetreiung ginn. D’ADR begréisst dofir d’Aféierung vum Congé linguistique.
D’ADR ass d’Partei, déi sech am meeschten an am stäerkste fir d’Lëtzebuerger Sprooch asetzt. Dësem Asaz ass et ze verdanken, datt déi aner Parteien et bis elo net gewot hunn, ganz op Lëtzebuergesch zugonschte vun anere Sproochen ze verzichten. Dës Orientéierung wäert d’ADR resolut weiderféieren. D’ADR wäert alles maachen, fir datt Lëtzebuergesch enseignéiert, promovéiert, weiderentwéckelt an als Sprooch iwwerall an a vollem Ëmfang unerkannt gëtt. D’ADR fuerdert, datt et muss zur Normalitéit ginn, datt een zu Lëtzebuerg Lëtzebuergesch schwätzt.
Fir d’ADR ass Lëtzebuergesch d’Integratiounssprooch par excellence a garantéiert als solches de sozialen Zesummenhalt an eiser Gesellschaft. Nëmmen d’Beherrsche vun der Lëtzebuerger Sprooch erméiglecht et den auslännesche Matbierger um gesellschaftleche Liewe vun dësem Land a vollem Ëmfang deelzehuelen. Och déi berufflech Perspektiv si fir Mënschen, déi Lëtzebuergesch schwätzen, vill besser wéi fir déi aner.
D’Opfaassung, no där Franséisch d’Integratiounssprooch ass, ass net méi zäitgeméiss. Ëmmer méi Immigrante kommen aus Länner, déi net dem romanesche Sproochraum ugehéieren. Fir vill Leit ass Franséisch eng Exklusiounssprooch. Déi gemeinsam Kommunikatiounssprooch muss zu Lëtzebuerg dofir Lëtzebuergesch sinn.
D’ADR ass der Meenung, datt méiglechst allen Auslänner, wa méiglech gratis, héichwäerteg Lëtzebuergeschcoursë sollen ugebuede ginn.
Jidder Auslänner, deen nach kee Lëtzebuergesch schwätzt a sech an enger Gemeng aschreift, soll vun der Gemengenadministratioun iwwert all d’Méiglechkeeten zu deem Sujet informéiert ginn. Sollt hien et zu deem Zäitpunkt ofleenen, Lëtzebuergesch ze léieren, esou sollt hien nees ugeschriwwe ginn, fir um nächste Cours deelzehuelen.
D‘ADR wiert sech grondsätzlech géint all Vermëschung vun der Lëtzebuerger Sproochesituatioun mat där vu Länner, an deenen et regional verschidde Landessprooche gëtt, wéi zum Beispill d’Belsch, d’Schwäiz oder de Kanada. Bei eis gëtt et keng regional ënnerschiddlech Sproochen, mä d’Situatioun ass vill méi komplex. Et gëtt zu Lëtzebuerg eng eenzeg Nationalsprooch a keng dräi. Et gëtt just dräi administrativ Sproochen, an dat ass nun eemol eppes ganz anescht.
Lëtzebuergesch an der Verfassung an an Europa
D’ADR huet sech ëmmer dofir agesat, datt d’Lëtzebuerger Sprooch als Nationalsprooch net nëmmen an der Gesetzgebung, mä och an der Verfassung verankert gëtt. D’Bestëmmung, déi – op Drock vun der ADR – am Abléck virgesinn ass («La langue du Luxembourg est le luxembourgeois. La loi règle l’emploi des langues luxembourgeoise, française et allemande»), ass fir d’ADR eng Minimalformuléierung. Jidder Ofweechung oder Relativéierung vun dëser Bestëmmung am Sënn vun enger Schwächung vun der Lëtzebuerger Sprooch bedeit, datt d’ADR géif e Referendum iwwert dës Fro an d’Weeër leeden.
Méi laangfristeg ass och dofir ze suergen, datt Lëtzebuergesch de Statut vun enger offizieller europäescher Sprooch kritt, woubäi net all d’Texter mussen an d’Lëtzebuergescht iwwersat ginn an och net bei all Reunioun e Lëtzebuerger Dolmetscher muss zur Verfügung stoen. D’Lëtzebuerger Sprooch soll allerdéngs gläichwäerteg mat anere Sprooche vu klenge Länner (wéi z.B. Malta) behandelt ginn.
Lëtzebuergesch als Integratiounsvecteur an eise Schoulen
An der Schoulpolitik vun enger Immigratiounsgesellschaft ass et besonnesch wichteg fir d’Kanner beieneenzehalen a si net no Sproochen ze trennen. Wien d’Kanner trennt, favoriséiert d’Segregatioun amplaz d’Integratioun.
Et ass extrem onwahrscheinlech, datt Kanner, déi no Sproochekritäre getrennt goufen, nees kënne méi spéit zesummefannen, wann hir respektiv Sproochkenntnisser am Däitschen an am Franséischen sech theoretesch sollen ugeglach hunn. Et ass vill éischter ze fäerten, datt esou Usätz ëmmer méi ausgebaut ginn an datt et schlussendlech zu zwee komplett getrennte Schoulsystemer hei am Land kënnt.
D’ADR setzt an der Schoul konsequent op Integratioun iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch. Déi aner Parteie fänken awer un, d’Kanner ze trennen. Si kapituléieren domat virun den aktuelle Feelentwécklungen , déi dës Parteien awer ze veräntwerten hunn, well si ni eng richteg Integratiounspolitik entwéckelt a bedriwwen hun.
Et ass kloer fir d’ Integratioun vun alle Kanner vu Virdeel, wann si vun der Crèche un iwwert de Précoce an de Préscolaire souvill wéi méiglech konsequent op Lëtzebuergesch betreit géife ginn, well nëmmen esou e fréien Ëmgang mat eiser Sprooch dozou féiert, datt si d’Lëtzebuergesch méi fréi als Ëmgangssprooch beherrschen an esou besser op eist Schoulsystem virbereet sinn.
Dat ass och de Grond, firwat mir ganz skeptesch sinn, wann ëmmer méi Crèchen hei zu Lëtzebuerg entstinn, wou d’Personal ausschliisslech francophone ass. Dëst behënnert wierklech d’Integratioun iwwert déi néideg Sproochekenntnisser hei zu Lëtzebuerg a ginn de Kanner esou eng schwéier Hypothéik mat an hirem schoulesche Curriculum.
Lëtzebuergesch a Klinicken, Alters- a Fleegeheemer
An eise Klinicken an Alters- a Fleegenheemer schaffen ëmmer manner Leit, déi Lëtzebuergesch verstinn a schwätzen, an dat ass fir vill vun eise Matbierger e grousse Problem an och a virun allem eng grouss Gefor fir hir Gesondheet, wann si an enger Noutsituatioun weder d’Fleegepersonal nach den Dokter kënnen op Lëtzebuergesch informéieren, wat hinne feelt.
Leider ass et bis elo an eisem Land nach ëmmer net gesetzlech gereegelt, datt e Patient e rechtlechen Usproch drop huet, datt Membere vum Fleegepersonal an Dokteren sech musse kënnen an der Sprooch vu hire Patienten ausdrécken.
Eise Gesondheetsminister huet viru kuerzem zu där Problematik och schrëftlech gesot, datt e Patient muss d’ Recht hunn, an enger Sprooch, déi hie versteet, mat den Dokteren a mam Fleegepersonal schwätzen ze kënnen.
Dat neit Gesetz iwwert d’ Rechter vun de Patiente geet also entgéint den Aussoe vum Gesondheetsminister sécher net wäit genuch, well et misst hei onbedéngt heeschen, datt de Patient – an net den Dokter oder d’Fleegepersonal – d‘Recht huet, sech an där Sprooch auszedrécken, déi hien am beschte beherrscht.
2. Lëtzebuerger Nationalitéit
D’Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit muss der ADR no mat strenge Bedéngunge verbonne bleiwen.
Heizou zielen ë.a. eng 7-järeg Residenzklausel, déi allerdéngs méi flexibel wéi bis elo ka gestalt ginn, an e Sproochenadr.
Bei engem onënnerbrachen Openthalt zu Lëtzebuerg sollt eng Frist vu 5 Joer duergoen.
D’ADR besteet drop, datt ee muss e Sproochenadr am Lëtzebuergesche bestoe fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien. Weder d’Sträiche vun dëser Bedéngung, nach en Erofsetze vun de gefroten, a souwisou scho ganz niddrege Lëtzebuergeschkenntnisser komme fir d’ADR a Fro.
D’Bedéngungen, déi d’Behuelen an de Ruff vun de Kandidate souwéi d’Modalitéite vun de Coursen an der Instruction civique betreffen, gi vun der ADR méi streng gefaasst an de gängege Bestëmmungen am noen Ausland, z.B. an Däitschland oder Éisterräich ugepasst. D’Kandidate sollten och op d’mannst Grondkenntnisser vun der lëtzebuergescher Geschicht kënnen noweisen.
Fir nei agebiergert Lëtzebuerger sollten d’Gemengen ee Mol d’Joer, z.B. fir Nationalfeierdag, eng Zeremonie organiséieren, fir dësen Ulass wierdeg ze feieren.
3. Auslännerwalrecht
Verschidde Parteien (Déi Gréng, LSAP an Déi Lénk) fuerdere souwuel dat aktiivt wéi dat passiivt Walrecht fir d’Auslänner, d’DP dat aktiivt.
D’CSV wëll am Ament zwar kee Walrecht fir d’Auslänner, huet awer gläichzäiteg an der zoustänneger Chambercommissioun proposéiert, datt den entspriechenden Artikel vun der Verfassung (Artikel 52: „Pour être électeur, il faut être Luxembourgeois ou Luxembourgeoise“) gestrach gëtt.
D’ADR ass déi eenzeg Partei, déi drop besteet, datt deen Artikel bäibehale gëtt.
D’ADR mengt:
– Et besteet bei den auslännesche Matbierger kee groussen Interêt fir wielen ze goen; déi niddreg Participatioun bei de Chamber- an Europawale sinn e Beweis dofir
– Firwat eppes ofginn, wat déi national Souveränitéit direkt betrëfft?
– Integratioun geet iwwert d’Sprooch an iwwert dat soziaalt a kulturellt Liewen, mä sécher net iwwert d’Walrecht.
– Géifen d’Auslänner d’Walrecht fir d’Chamberwale kréien, misst logescherweis och d’Fonction publique fir si komplett opgemaach ginn.
– Déi aktuell Dispositiounen an der Verfassung entpriechen deem, wat um internationalen Niveau Usus ass.
– Déi duebel Nationalitéit ass de richtegen an den eenzege Wee, fir als Auslänner d’Méiglechkéit ze kréien, fir op allen Niveaue matschwätzen a matdecidéieren ze kënnen.