Pressekonferenz: e Moratoire fir d’Plans sectoriels (VIDEO)

En Dënschdeg, den 21. Oktober huet de Roy Reding an enger Pressekonferenz d’Meenung vun der ADR zu de „Plans sectoriels“ duergeluecht. Wéinst politesche mee genee esou wéinst praktesche Grënn fuerder d’ADR „e komplette Moratoire“ fir d’Plans sectoriels. De Roy Reding betount: „dës mussen op eng demokratesch a raisonnéiert Aart a Weis iwwerschafft ginn“.

Et ass wuel „gutt a richteg“, datt e Land iwwert Pläng verfügt, déi z.B. Couloire fir den Transport virgesinn, oder schützeswäert Naturzonen ausweist. D’Plans sectoriels, wéi se elo vun der Regierung virgeluecht gi sinn, ginn awer a ville Domäne vill ze wäit, a si wat de Logement ubelaangt total iwwerflësseg. Op dësem Punkt ginn déi aktuell Bestëmmungen, z.B. fir de Perimeter vun engem PAG (plan d’aménagement général) ze änneren, vollkommen duer.

D’Plans sectoriels sinn e weidere Schrëtt zur „Planwirtschaft“, déi Lëtzebuerg net weider bréngen awer éischter lähmen. Ganz kritesch gesäit d’ADR de Fait, datt dausende vun Hektaren ënnert den Droit de préemption falen oder carrément kënnen expropriéiert ginn Den Däiwel läit weider am Detail, wéi een aus de ville kriteschen Avise vun de Gemenge kann eraus liesen: d’Pläng si voll vun extrem graffe Feeler.

Grondsätzlech muss als alleréischt en Zukunftsdëch dës Froe beäntweren: wou wëlle mer Lëtzebuerg hiféieren, mat wéi vill Aarbechtsplazen, ma wéi vill Awunner. Sinn dës Froen demokratesch beäntwert, da kënne konkret Pläng mat der aktiver Mataarbecht vun de Gemengen ausgeschafft ginn.

Och wann d’Regierung schonns zréck ruddert, ass fir d’ADR kloer, datt et bei deenen aktuelle Pläng net duergeet, fir kleng Korrekturen hei an do unzebréngen. Dofir fuerdert d’ADR e komplette Moratoire, fir de Bierger an de Gemengen d’Geleeënheet ze ginn, d’Zukunft vum Land op eng demokratesch a raisonnéiert Aart a Weis ze gestalten.

Deel dëse Post: