Pressekonferenz: de Réck- an Ausbléck aus der Perspektiv vun der ADR

Den 9. Januar huet den ADR-President Jean Schoos eng Pressekonferenz gehalen, fir um Joresufank e Réck- an Ausbléck aus der Perspektiv vun der ADR ze presentéieren.

Wat d’Chamberwale vum 20. Oktober 2013 ugeet, huet de Jean Schoos ënnerstrach, datt d’Partei kann houfreg sinn op d’Walcampagne: “Mir si mat zwee Deputéierten an d’Wale gaangen, a mir hunn der elo dräi an der Chamber sëtzen”. Et wier op den ongerechte Walsystem (Bezierker) zréckzeféieren, datt d’ADR um Niveau vun de Sëtz net nach besser ofgeschnidden huet.

D’ADR huet schonn ugefaangen d’Europawale virzebereeden. En Dënschdeg, de 14. Januar, kënnt den ADR-Nationalkomitee zesumme fir ënnert anerem iwwert d’Kandidatelëscht ze diskutéieren. Fir Abrëll ass en Europakongress virgesinn, op deem de Walprogramm soll virgestallt ginn. D’ADR wäert déi eenzeg Partei sinn, déi sech fir en Europa vun den Natiounen, dat heescht fir méi Souveränitéit fir déi eenzel EU-Memberstaaten, wëll asetzen.

Wat d’Nationalpolitik ugeet, bleiwen d’Staatsfinanzen d’Prioritéit vun der ADR. Déi konkret Propositiounen, wéi d’Regierung wëll de Staatsbudget nees an den Equiliber bréngen, loossen nach ëmmer op sech waarden. “Der ADR kann een op d’mannst net virwerfen, si hätt net konkret Virschléi gehat an hirem Walprogramm”, esou de Jean Schoos. D’ADR verlaangt, datt d’Regierung endlech Faarf bekennt.

D’Coalitiounsparteie wëllen awer der ADR no virun den Europawale kee Risiko agoen an dowéinst verstoppe si sech hannert der Gesellschaftspolitik. Den Nationalpresident huet betount, datt et net falsch ass, Theme wéi d’Trennung vu Kierch a Staat unzeschwätzen. Hie géif awer bedaueren, datt éischtens d’Regierung sech exklusiv op déi Sujete konzentréiert an zweetens d’Positioune vun der Regierung zu engem groussen Deel net den Iwwerzeegunge vun der ADR entspriechen. ADR huet sech och an hirem Walprogramm géint d’Homo-Bestietnis ausgeschwat wéinst dem Volet Adoptioun.

D’ADR begréisst, datt et d’nächst Joer zu zwee Referendume kënnt. D’Regierung soll awer Courage weisen a sech beim éischte konsultative Referendum net op déi Froe beschränken, déi se arrangéiert. Et misst een d’Wieler och iwwert wichteg Gesellschaftsfroe wéi d’Homo-Bestietnis ofstëmme loossen.

Och dës Regierung huet Recht op eng sougenannte Schounfrist vun 100 Deeg. Et kann allerdéngs net sinn, datt se Zäit verléiert mam Europawalkampf. Et muss direkt gehandelt ginn, notamment wat d’Finanzsituatioun ugeet. Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen huet an deem Sënn e Bréif un de Chamberpresident adresséiert, fir datt den zoustännege Minister an d’Finanzcommissioun kënnt an erkläert, wéi et soll mat der Finanzplaz weidergoen.

Deel dëse Post: