Presseiessen: Mat enger Tréin am Knäpplach …

31 Joer politesch Karriär an zwou kuerze Rieden. De Gast Gibéryen huet der Press Merci gesot an ass – wéi ëmmer – vill ze buedestännech fir op seng politesch Karriär anzegoen. Den ADR-Deputéierte hat och léif Wierder fir säi Successeur, de Fred Keup (Clip, 1’24”). An de Fernand Kartheiser wierdegt säi Virgänger (als President vum parlamentaresch Grupp vum ADR), mee muss sech och hei op d’politesch Aktualitéit konzentréieren. Gast, mir feieren eng aner Kéier … elo gëtt geschafft. Duerfir hues Du jo och der Ekipp vun der ADR “Bonne chance” gewënscht (Clip, 1’03”).

Zweete Riedner beim Presseiesse war de neie President vum parlamentaresche Grupp ADR, de Fernand Kartheiser. Hien huet dem Gast säin Engagement kuerz awer häerzlech gewierdegt (Clip, 2’42”) fir sech dann noutgedrongen dem politeschen Alldag unzehuelen. De Fernand Kartheiser huet eng energesch an offensiv ADR versprach. Abee, a senger Ried huet hie béides schonn ageléist. D’Regierung an d’Parteien alleguer kruten eng ganz schlecht Zensur ausgestallt. D’Versoe vu Gambia bei de Staatsfinanzen a bei der Schoul waren Haapttheme vun Fernand senger Ried.

De neie President vum parlamentaresche Grupp vun der ADR huet a senger Ried virun der Press

 

Deel dëse Post: