Präventiv Archäologie méiglech maachen

D’Lëtzebuerger Chamber huet de 16. November d’Konventioun vu La Valette vu 1992 ratifizéiert, als eent vun de leschte Länner, déi dës ënnerschriwwen hunn. De Fernand Kartheiser huet d’Zoustëmmung vun der ADR ginn, mä hien huet och Kommentairen zur präventiver Archäologie gemaach, déi an dëser Konventioun grouss geschriwwe gëtt.

Datt net alles optimal wär hei zu Lëtzebuerg géing d’Beispill vun der Glacis-Kappell, wou de Schantje vum Tram drun opgehalen ass, weisen. De Fernand Kartheiser huet awer och Moyene fir eis Archäologie gefrot, fir datt eventuell jonk Leit Débouchéeë gesinn an dat Fach studéieren. A schliesslech huet hie fir eng Sensibiliséierung op alle Niveaue plädéiert fir datt de Räichtum an d’Chancen, déi eng archäologesch Entdeckung mat sech brengt och richteg appréciéiert ginn: dat esouwuel bei de Gemengen, déi betraff sinn, wéi och bei de jonke Leit an de Schoulen.

Deel dëse Post: