Präisexplosioun Energiepräisser: Russesch Agressioun net d’Haptursaach!

D’Bäihëllefe fir energieintensiv Betriber zu Lëtzebuerg gi verlängert! Dat ass gutt a richteg, ma d’Präisexplosioun vun den Energiepräisser ass net just op déi russesch Aggressioun géint d’Ukrain zeréckzeféieren! Dorunner erënnert den Tom Weidig. Den Zentrumsdeputéierte gesäit dräi Haaptgrënn, datt d’Präisser bei den Energieprodukter reegelrecht explodéiert sinn, den Debakel vun der däitscher Energietransitioun, déi sëllege Sanktioune géint Russland grad wéi d’Problemer vun de weltwäite Liwwerketten.

Deel dëse Post: