Präisexplosioun bei Dünger

Bauer

An Europa grasséiert zurzäit net nëmmen eng Gesondheetskris, mee och eng Energiekris. D’Präisser fir Bensinn, Stroum, Gas, Kuel, asw. explodéieren. Gläichzäiteg klammen och d’Präisser fir Liewensmëttel an aner Verbrauchsgidder exponentiell. Schold un dëser Kris sinn nieft extreem héije Produktiounskäschten och d’Liwwerketten, déi ënnerbrach sinn an net méi fonctionéieren. D’Düngerindustrie an d’Agrarchemie si ganz besonnesch vun dëser Kris betraff. D’Produktiounsquantitéite ginn hei aus Käschtegrënn massiv gekierzt. Vill Betriber hu souguer hir Produktioun agestallt. Doduerch klammen d’Präisser weider an d’Lut. Dat féiert dozou, datt d’Bauere mëttlerweil keen Dünger méi ze kafe kréien, onofhängeg vum Präis, dee si bereet sinn ze bezuelen. Huet d’Regierung wëlles, op dës Situatioun ze reagéieren?

Deel dëse Post: