POST – zousätzlech Käschte fir Basisservicer?

Cliente vu POST-Telecom goufen am Dezember doriwwer informéiert, datt hinne säit Oktober a fir eng Dauer vun insgesamt sechs Méint de Zerwiss “Protection Mail” zur Verfügung gestallt gëtt. Doduerch sollen si besser viru Pirshing-Attacke geschützt ginn. Falls si sech ënnerhalb vun deene sechs Méint net dogéint ausschwätzen, abonéieren si “Protection Mail” duerno automatesch fir zwee Euro de Mount. Handelt et sech dobäi allerdéngs net ëm eng standardiséiert Leeschtung, déi Ubidder an der Reegel gratis zur Verfügung stellen? Wéi eng zousätzlech Méiglechkeete bitt “Protection Mail” wierklech?

Deel dëse Post: