Post fir Leit, Post fir Mënz

E bësse méi hëtzeg goung et bei der Debatt iwwer d’Postdirektioun zou, den 23. Februar an der Chamber. De Roy Reding huet dem Postminister virgehäit d’wichteg Roll vun de Bréifdréier an de Postbüroen futti ze maachen … duerch onattraktiv schlecht ënnerhale Gebeier an ongënschteg Ëffnungszäiten. De Minister huet sech gewiert … awer éischter manner iwwerzeegend. Wat den eigentleche Punkt vum Gesetz ugaang ass, war de Roy Reding kloer: Wee Service public seet, seet Lëtzebuerger Nationalitéit. Et ka net sinn, datt den Direkter vun der Post en Auslänner ass, well d’Post ass net iergend e Privatbetrib.

Deel dëse Post: