Post: Chaos beim Verdeele vum Courrier!

D‘Post ass dru gehale fir Bréiwer bannent dräi Deeg zouzestellen. De Moment ass et awer esou datt et hei am Land deels massiv Problemer bei der Zoustellung vun der Bréifpost gëtt an et zu ville Retarde kënnt. Leit aus dem Stater Quartier Hamm hunn sech souguer beschwéiert datt bei hinne schonn deeglaang kee Bréifdréier méi passéiert ass an si deemno iwwerhaapt keng Post an d’Boite kruten.Op Nofro hin, beim Service vun de Reklamatioune, war et effektiv d’Confirmatioun datt aktuell Problemer bei der Distributioun vum Courrier bestinn. Dat géif dorunner leien datt vill Bréifdréier am Congé sinn a vu Studenten ersat ginn déi manner routinéiert wieren, esou huet de Mann um Telefon dat erkläert. Wann een da via Telefon e spezifescht Renseignement iwwer „Post Finance“ freet, leeft do e Band wou d’Post sech entschëllegt datt et zu Verspéidunge beim heemschécke vun de Konto-Extraite kënnt. D’Bréifpost ass a bleift e wichtegen Zerwiss, a vill Leit si grad bei offizielle Schreiwen, un déi dacks Delaie geknäppt sinn, drop ugewisen.

 

Deel dëse Post: