Positive Bilan bei der ADR-Norden

Um Kongress vun der ADR-Norde vum 27. Februar  huet een e positive Bilan gezunn, wat d’Aarbecht am Bezierk ugeet. D’ADR-Norden schafft motivéiert drun, d’Liewensquaéitéit fir d’Leit am Éisleck ze verbesseren a mécht eng Politik, déi no bei de Leit ass. Nëmmen esou ass et hinne gelongen, bei de leschte Chamberwalen de Sëtz erëmzegewannen. Dem beléifte Nord-Deputéierte Jeff Engelen seng Politik kënnt gutt u beim Vollek, hie lauschtert de Leit no a kennt hir Suergen. Et ass ee bei der ADR-Norden op alle Fall gutt opgestallt an et kann een sech op d’Zukunft freeën.

Deel dëse Post: