[BEÄNTWERT] Portail “Culture.lu”

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Kulturministesch weiderzeleeden.

Viru kuerzem ass am Spaweck de Portail „Culture.lu“ zougänglech gemeet ginn. Dëse Site hänkt direkt vum Kulturministère of, a gëtt och vun dësem finanzéiert.

Wann een de Prinzip vun esou engem Portail nëmme ka begréissen, esou bleift dach ze bemängelen, datt de Site nëmmen op Franséisch, Däitsch an Englesch disponibel ass.

D’Lëtzebuerger Sprooch ass vergiess ginn, wat ëmsou méi ze bedaueren ass, datt ons Sprooch en integrale Bestanddeel vun der nationaler Kultur ass.

Dowéinst wéilt ech der Madame Kulturministesch  dës Froe stellen:

1)      Wisou ass op dësem Site d’Lëtzebuerger Sprooch net fir d’Navigatioun zeréckehale ginn?

2)      Ass d’Madame Ministesch net der Meenung, datt besonnesch op Siten, déi Lëtzebuerg a Kultur verbannen, d’Lëtzebuerger Sprooch misst op d’mannst gläichberechtegt behandelt ginn ?

3)      Ass d’Madame Ministesch bereet, fir um Portail culture.lu d’Lëtzebuerger Sprooch gläichberechtegt nieft dem Franséischen, Däitschen an Engleschen anzeféieren?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse écrite de Madame Octavie Modert, Ministre de la Culture

Deel dëse Post: