Populismus pur virun de Walen: op eemol d’Steierklass 1A ofschafen?

D’ADR steet op der Säit vun de Wittleit an den elengerzéienden Mammen, wat deenen hir steierlech Réckklasséierung ugeet.

Wéi eng Rei vu betraffene Leit eng Petitioun mat hire berechtegte Fuerderungen géint déi ongerecht Réckklasséierung gemaach huet, war d’ADR vun Ufank un op der Säit vun de Petitionären. D’ADR huet dat och an der Kommissiounssëtzung, wou d’Petitionären hir Fuerderung virgedroen hunn, als eenzeg Partei massiv ënnerstëtzt. Duerno huet d’Regierung entgéint den Hoffnungen, déi si de Petitionäre gemaach hat, eng Steierreform gemaach, déi bal kenger vun dëse Fuerderunge Rechnung gedroen huet.

Elo kuerz virun de Walen fält dem Minister Nicolas Schmit an, d’Steierklass 1A ofzeschafen. Den ADR-Nationalpresident Jean Schoos huet op déi räichlech spéit Eingebung vum Minister kloer geäntwert an si als populistesch ofgestempelt. D’Sozialisten haten an der Regierung 10 Joer Zäit fir eppes ze ënnerhuelen.
D’ADR huet net bis dräi Méint virun de Walen gebraucht, fir eppes fir d’Witleit an d’elengerzéiend Mammen a Pappen maachen ze wëllen. Mir si scho laang fir eng gerechte Solutioun, a mir maachen net nëmmen an dëser Fro Neel mat Käpp, wann d’ADR an d’Regierungsverantwortung kënnt.

Pressekommunikee vun der ADR, vum 20. Juni 2018

Deel dëse Post: