Politiséierung vun der Monarchie, Roll vun der Groussherzogin?

Eng feministesch Organisatioun plangt, Hir Kinneklech Altesse, d’Groussherzogin vu Lëtzebuerg, fir Hiren héije Patronage fir eng Manifestatioun mat politeschem Charakter ze froen. Konkret geet et ëm eng männerfeindlech Initiativ, déi ëmmer nëmmen d’Fraen eesäiteg als Affer vu Männergewalt duerstellt. Iwwer weiblech Täter, an iwwer Männer als Affer vu Fraegewalt gëtt dogéint net geschwat.  Stellt sech d’Fro wéi d’Regierung dozou steet, am Fall  wou d’Groussherzogin hiren héije Patronage dëser politescher Manifestatioun géing accordéieren.

 

     

Deel dëse Post: