Politescht Engagement vu Polizisten an Zaldoten

Vill Leit stelle sech d’Fro, ob Polizisten an Zaldoten eigentlech mat an d’Walen däerfe goen. De Fernand Kartheiser freet d’Regierung.

Fro:

Et ass a ville modernen demokratesche Gesellschaften Usus ginn, datt och Membere vun der Force publique (Arméi a Police) mat a Wale ginn. Dobäi ass wichteg, datt garantéiert bleift, datt si am Kader vun hire beruffleche Fonctiounen eng politesch, philosophesch a reliéis Neutralitéit observéieren, esou wéi dat och an deene pertinente Gesetzer a Reglementer festgehalen ass.

 An deem Kontext wéilt ech der Regierung dës Froe stellen:

  1. Wéi eng legal Dispositioune reegelen hei am Land déi politesch Rechter vun de Membere vun der Force publique?
  2. Ass séchergestallt, datt déi Beamten, déi an hirer Fräizäit e politeschen Engagement weisen, doduerch keng berufflech Nodeeler ze fäerten hunn?

Äntwert:

Ad 1: Déi politesch Rechter vun de Bierger a Biergerinnen, an domat och déi vu Membere vun der Police an der Arméi, si ganz fir am Kapitel II iwwert d’Rechter an d’Fräiheeten an eiser Verfassung gereegelt. Am Artikel 10 vun eiser Verfassung steet, datt “d’Lëtzebuerger sämtlech politesch Rechter hunn, déi si no de Konditioune vun der Verfassung an de Gesetzer ausüben.” Deemno kann all Agent vum Staat sech politesch engagéieren. D’Ausübung vun dëse Rechter, esou de Wuertlaut vum selwechte Verfassungsartikel, ënnerläit awer de Konditioune wéi se vun der Verfassung an de Gesetzer festgeluecht sinn. D’Verfassung sëlwer reegelt déi sougenannten Onvereenbarkeeten op déi spéider nach am eenzelen verwise gëtt, wann en Agent vum Staat da bis gewielt ass a säi Mandat och ugeholl huet. Virop rappeléiert d’Regierung awer déi spezifesch gesetzlech Bestëmmungen déi sech ob d’Ausübung vum politeschen Engagement vun engem Agent vum Staat a Member vum Police Kader bezéien, esou wéi se am Gesetz vum 18. Juli 2018 iwwer den disziplinaresche Statut vum Police Kader festgeschriwwe sinn. Den Artikel 9 vun dësem Gesetz seet dozou Folgendes: Art. 9. “En service, les policiers s’abstiennent de toute manifestation en faveur ou en défaveur d’une quelconque tendance politique. À l’intérieur des installations de service, toute action de propagande en faveur ou en défaveur d’un parti ou d’un groupe politique est interdite, même en dehors du service. Les dispositions qui précèdent ne portent pas préjudice au droit des policiers d’échanger librement leurs opinions entre eux. La présence en uniforme, lors d’une manifestation publique, de policiers n’est autorisée que si les policiers visés sont en service. Il est interdit aux supérieurs hiérarchiques d’influencer l’opinion politique de leurs subordonnés.”

Den Artikel 11 vum Gesetz vum 16. Abrëll 1979 iwwert d’Disziplin an der Force publique enthält identesch Dispositiounen fir d’Militär aus der Lëtzebuerger Arméi. Wann den Agent da gewielt gouf a säi Mandat unhëlt sinn eng Rei Reegelen iwwert d’ Onvereenbarkeeten ze respektéieren. Et ass zum engen, bei de Chamberwalen, den Artikel 65 vun der Verfassung laut deem d’Mandat vum Deputéierten onvereenbar ass mat de Funktioune vum Regierungsmember a vum Member vum Staatsrot. Dësen Artikel gesäit awer och vir, datt d’Gesetz weider Onvereenbarkeete ka festleeën: “Déi selwecht Onvereenbarkeet gëllt fir ëffentlech Aarbechtsplazen a Funktiounen, déi vun engem Gesetz festgeluecht ginn, dat mat der qualifizéierter Majoritéit ugeholl gëtt.” Do virdrun reegelt den 3. Paragraphe vum Artikel 66 vun der Verfassung nach generell, datt “D’Persounen, déi vun enger Incompatibilitéit betraff sinn, kënnen tëschent dem Deputéierte-Mandat an hirer Plaz oder Aktivitéit wielen.” Fir d’Chamber an d’Europawalen sinn d’Onvereenbarkeeten an den Artikelen 129 an 287 vum Walgesetz (loi électorale modifiée du 18 février 2003) festgeschriwwen, déi virgesinn dass e parlamentarescht Mandat mat der Qualitéit vun engem Agent vum Staat inkompatibel ass. Den Artikel 17 vum Staatsbeamtestatut (loi modifiée du 16 avril 1979 fixant le statut général des fonctionnaires de l’Etat) widderhëlt dës Onvereenbarkeet: Art. 17. “La qualité de fonctionnaire est incompatible avec le mandat de député. L’acceptation par un fonctionnaire de ce mandat entraîne les conséquences prévues par la loi.” Fir d’Gemengewale gëtt et spezifesch Onvereenbarkeete fir d’Agente vun der Police déi net kënnen Member vum Gemengerot ginn. Dëst verbitt den Artikel 11ter vum Gemengegesetz (loi communale modifiée du 13 décembre 1988): Art. 11ter. “(1) Ne peuvent faire partie d’un conseil communal: […] 4. les membres civils et militaires de la direction et du personnel de la Police grand-ducale, hormis ceux des agents qui n’assument pas des fonctions de police; […]” Ad. 2: D’Ausüben duerch e Beamte vun der Police an der Arméi vun engem politeschen Engagement a senger Fräizäit féiert zu kenge berufflechen Nodeeler an ass duerch déi virdrun erwäänten Texter am Detail gereegelt.

Deel dëse Post: