Politesch Riede bei Diplomiwwerreechungen

Eigentlech soll d’Schoul politesch neutral sinn. Mee bei Diplomiwwerreechunge schéngt dat net ze gëllen. De Fred Keup huet dozou puer Froen un de Schoulminister.

Fro:

Bei den Diplomiwwerreechungen um Enn vum Schouljoer an de verschiddene Lycéeën ass et üblech, dass d’Direkteren eng Ried halen. An deem Kontext gouf eis vu verschiddene Plazen zougedroen, dass et Direktere ginn, déi dës Tribün benotzen, fir hir perséinlech politesch Usiichten ze propagéieren. Besonnesch am LTPES hunn Elteren a Schüler eis dëst Virgoe gemellt, wou d’Directrice géint “riets Politik” gehetzt huet.

D’Gesellschaft ass allerdéngs divers, an ënnert de Schüler, Elteren a Proffe ginn et souwuel Leit, déi politesch lénks wéi och politesch riets agestallt sinn.

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:

  • Ginn et vum Ministère aus Instruktiounen oder Virschléi, wéi dës Rieden inhaltlech formuléiert solle sinn?
  • A wéiwäit si Staatsbeamten, a besonnesch Direkteren, dozou ugehale sech un d’politesch Neutralitéit ze halen?
  • Wéi gedenkt den Här Minister op esou politesch Aussoe vu Staatsbeamten ‒ sief et Aussoen, déi sech géint gréng, lénks, riets oder aner politesch Meenunge riichten oder sech fir oder géint d’Regierung ausschwätzen ‒ an hirer Funktioun als Beamten ze reagéieren, wann hie Kenntnis dovu kritt?
  • Op dësen Diplomiwwerreechungen halen och Ministere Rieden. Sinn d’Ministeren hei och ugehale sech politesch neutral ze verhalen, oder ass et an den Ae vum Här Minister an der Rei, wa Ministeren dës Bühn benotzen, fir hir politesch Messagen ze propagéieren?

Äntwert:

Ad 1) an 2)
Den honorabelen Deputéierte stéiert sech un den Aussoen, déi d’Direktesch vum Lycée technique pour professions éducatives et sociales (LTPES) an hirer Ried am Kader vun der Diplomiwwerreechung fir d’Premièresschüler gemaach huet. Dofir wëll ech se hei am Wuertlaut zitéieren:
„De Rietsruck, dee weltwäit duerch d’Gesellschafte geet, bereet mir immens grouss Suergen. Ech hat wierklech gehofft, datt mir no der Erfarung vum Zweete Weltkrich an der Occupatioun duerch Nazidäitschland hei am Land, mä och a ganz Europa an an der ganzer fräier Welt bäigeléiert hätten, an net méi empfänglech wieren, fir déi vun de Populiste virgegaukelt einfach Äntwerten op komplex Froen. Dës ginn erfarungsgeméiss ëmmer op d’Käschte vu Minoritéiten a vun deene Persounegruppen, déi um Rand vun eiser Gesellschaft stinn, a vun deene kritesche Membere vun der Gesellschaft. Ech hat och gehofft, datt mer als fräi europäesch Gesellschaft opgrond vun eisem humanistesche Mënschebild an eisem Vertrauen an d’Demokratie immun wiere géint déi rietsextreem a rietspopulistesch Gefor.“
All Beamten zu Lëtzebuerg leescht – wann e seng Funktioun untrëtt – en Eed. Hie schwiert, seng Aarbecht mat „intégrité, exactitude an impartialité“ auszeüben. An deem Zesummenhang ass de Beamte gehalen, an der Ausübung vu senger Funktioun Aussoen ze ënnerloossen, déi géint dës Prinzippie verstoussen. Den Eed seet awer och, dass de Beamten d’Constitutioun an d’Gesetzer vun eisem Land ze observéieren huet. Dozou gehéieren ënner anerem d’Grondprinzippie vun eisem Rechtsstaat, wéi d’Gläichheet virum Gesetz, den Diskriminéierungsverbuet an d’fräi Meenungsäusserung.
An hirer Ried virun de Premièresschüler an hire Frënn a Familljen huet d’Direktesch näischt anescht gemaach, wéi een Appel un d’Grondwäerter vun eiser Gesellschaft, esou wéi se an eiser Verfassung verankert sinn. An si huet virun deene Kräften an Europa an an der Welt gewarnt, déi eisen demokratesche Rechtsstaat a seng Grondwäerter nët nëmme méi a Fro stellen, mee aktiv doru schaffen, fir ën auszehielegen an ofzeschafen. Komplett friem ass mir d’Iddi, de leedende Beamten a mengem Ressort Instruktiounen ze ginn, wat si an enger Ried solle soen oder net dierfe soen.

Ad 3) a 4)
Et sief mir erlaabt, meng grouss Suerg doriwwer auszedrécken, dass den honorabelen Deputéierten sech dru stéiert, wa Schouldirekteren oder aner héich Beamten sech an der Ëffentlechkeet zu den uewe genannte Grondwäerter bekennen. D’Fonction publique muss bei aller politescher Neutralitéit an aller Zeréckhalung, déi de Statut vum Fonctionnaire virgesäit, e Garant si fir eisen demokratesche Rechtsstaat. Deementspriechend wäert ech och weiderhin all Persoun, déi am Déngscht vum Staat steet, doran ënnerstëtzen, fir sech fir déi Wäerter a Grondprinzippie staark ze maachen, déi an eiser Verfassung stinn.

Deel dëse Post: