Dierf politesch Kommunikatioun, de politesche Flyer, mat engem QR Code D’Grenzen zwëschent Partei a Regierung vermëschen. Wat seet Deontologie zu esou Fäll?
Vir do méi gewuer ze gi stellt den honorabelen Deputéierten Tom Weidig der Regierung déi follgend parlamentaresch Fro.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Premierminister weiderzeleeden.
Am Oste vum Land ass kierzlech eng politesch Publikatioun vun enger Regierungspartei un d’Bierger gaange mam Titel „Am Dialog“. An dëser Publikatioun war och de Profil vun engem Minister ze fannen, mat engem QR Code deen op d’Regierungssäit vun dësem Minister féiert. Esou eng Praxis kéint als indirekt Notzung vu staatleche Mëttel fir parteipolitesch Zwecker opgefaasst ginn a stellt méiglecherweis de Prinzip vun der Gläichbehandlung tëscht politesche Parteien a Fro.
An deem Zesummenhang géif ech dem Här Premierminister gär dës Froe stellen:
- Huet d’Regierung e Code de Deontologie deen dës Problematik behandelt?
- Kann d’Regierung an e puer einfache Sätz dem Bierger erklären, wat erlaabt ass a wat net?
- Wéi stellt d’Regierung sécher, datt offiziell Regierungskanäl net, direkt oder indirekt, fir perséinlech a parteipolitesch Zwecker instrumentaliséiert ginn? Ass an all Ministerium eng Persoun responsabel fir d’Kommunikatioun a muss dëse Staatsbeamten dofir suergen, datt de Code de Deontologie agehale gëtt?
- Wann et zu engem Verstouss kënnt, ass de Minister responsabel oder déi Persoun, déi d’Anhale vum Code de Deontologie iwwerwaache muss?
- Kann d‘Regierung eis soen, ob si beim Ausschaffe vun engem Code de Deontologie eng Analys vun de Richtlinnen an eisen Nopeschlänner gemaach huet?
Mat déiwem Respekt,
Tom Weidig
Deputéierten