Policepresenz bei “Risikomatcher” am Fussball

Nom Match géint d’Tierkei, den 11. Juni 2022, ass et zu ville Kritike komm, wat d’Sécherheet am a ronderëm de Stadion ugeet. Et war eng ganz hëtzeg Atmosphär, mat enger ganzer Parti Tëschefäll, déi fir vill Diskussioune suergen. Ee grousse Kritikpunkt vun den Zuschauer, déi op der Plaz waren, war, dass d’Supporter vun deenen zwou Equippen net getrennt waren, sou wéi dat am Ausland bei esou Matcher üblech ass, fir Provokatiounen a Gewalt ze verhënneren. Wei steet d’Regierung zu enger Trennung vun de Supporter bei Risikomatcher, wéi dat am Ausland de Fall ass?

Deel dëse Post: